Schreifmaschinn.lu

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Webapplikatioun fir Sproochtranskriptioun. Fir d'Maschinn selwer, kuckt wgl. Schreifmaschinn.
Bei der Presentatioun vum neien Tool: Den ZLS Computerlingusit Sven Collette, de Bildungsminister Claude Meisch, de Voice-Technology-Expert Le Minh Nguyen an den Direkter vum ZLS, Luc Marteling.

schreifmaschinn.lu ass eng Web-Applikatioun, déi eng automatesch Text-Transkriptioun vum geschwate Lëtzebuergesch erméiglecht.

De Prototyp gouf vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an Zesummenaarbecht mam Le Minh Nguyen, engem Expert an der Voice Technology, entwéckelt a gouf den 9. Dezember 2022 virgestallt.[1]

D'Software baséiert um multilingualen Open-Source-Modell vu meta.ai XLS-R. Dëse gouf mat 436.000 Stonnen Audiomaterial an 128 verschiddene Sprooche 'virtrainéiert'. Fir en op d'Lëtzebuerger Sprooch auszeriichten, ass déi kënschtlech Intelligenz hannendru mat lëtzebuergeschen Donnéeë 'verfeinert' ginn. Dat ware Sproochdateien, déi gréisstendeels vun audiovisuelle Medien (RTL Radio Lëtzebuerg, Radio 100,7) hierkoumen. Den ZLS huet fir d'korrekt Schreifweis vum Verschrëftlechen an d'Synchronisatioun mam Audiofichier gesuergt an eng Web-Applikatioun ronderëm gebaut, fir dass jiddereen se ausprobéiere kann an duerch Textbeiträg verbesseren hëllefe kann.[1]

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

2023 solle bis 100 Stonne synchroniséierten Toun an Text ofgespäichert, an eventuell e Spellchecker (z. B. fir Nimm) integréiert ginn. Den Tool soll spéider verschiddenen Uwendungsméiglechkeete kënnen ugepasst ginn, an och vun externe Firmae kënne gebraucht ginn.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Sproocherkennung op Lëtzebuergesch - Dir schwätzt, d’Maschinn schreift." Communiqué op men.public.lu, 09/12/2022.