Schuddenhaus

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Schuddenhaus aus Richtung Süden (2013)
D'Schuddenhaus aus Richtung Norden (2013)

D'Schuddenhaus zu Ëlwen ass de Sëtz vun der Bibliothéik Tony Bourg a vun der Associatioun De Cliärrwer Kanton. Et ass och nach bekannt ënner dem Numm Adameshaus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schuddenhaus besteet aus zwéin Deeler. Op Grond vun der Dendrochronologie kann een dovun ausgoen, datt den ëstlechen Deel, deen Deel dee laanscht d'Strooss läit, am éischte Véirel vum 17. Joerhonnert gebaut gouf. De westlechen Deel ass héchstwahrscheinlech aus der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert.

Den Numm „a Schudden“ geet zréck op den Nikolaus Schudt. Hie war am Ufank vum 17. Joerhonnert Meier vum Haff Ëlwen fir d'Grofe vu Klierf. Et ass och d'Gebuertshaus vum éischte Lëtzebuerger Bëschof, dem Nicolas Adames, deen do den 9. Dezember 1813 op d'Welt koum.

D'Haus gehéiert zënter dem Abrëll 1967 der Gemeng Ëlwen.

Nodeems datt Enn 2008 mat den Ëmbau- a Renovatiounsaarbechten ugefaange gouf, konnt zwee Joer duerno d'Bibliothéik Tony Bourg seng Dieren do opmaachen.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • N.H., 1937, Vom alten Schuddenhaus, dem Stammhaus des ersten Bischofs von Luxemburg: Nikolaus Adames. Luxemburger Wort, 13/08/1937, S. 5
  • Waringo, Raymond, 2000, Das ‘Schuddenhaus‘ in Ulflingen. De Cliärrwer Kanton, 2000/3, S. 77
  • Keup, Henri, 2011, Dat neit Doheem fir d'Bibliothéik Tony Bourg. De Cliärrwer Kanton, 2011/1, S. 10
  • Keup, Henri, 2015, Erinnerungen im Schatten der Ulflinger Franziskanerkirche. De Cliärrwer Kanton, 2015/ES, S. 107

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schuddenhaus – Biller, Videoen oder Audiodateien