Schueberfouer

Vu Wikipedia
D'Riserad op der Schueberfouer
Gebake Fësch gehéieren zu der Schueberfouer
Iwwerbléck vum Riserad aus
De Lämmy, Maskottche vun der Fouer

D'Schueberfouer, kuerz "d'Fouer", ass eng grouss Kiermes, déi Enn August bis Ufank September um Glacis um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg gefeiert gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Verschidden Historiker mengen, datt et schonn 1225 eng éischt Fouer zu Lëtzebuerg gouf. Historesch bewisen ass awer just, datt dem Jang de Blanne säi Papp, den Heinrich VII., 1298 der Stad Lëtzebuerg erlaabt huet, fir e Maart z'organiséieren, dee ganzer véierzeg Deeg laang gedauert huet, vun Eroffersdag un, an deen op Véi spezialiséiert war. Mä och déi Kiermes konnt sech net laang halen, wuel well aner Mäert zur selwechter Zäit ofgehale goufen, a sécher och, well de politesche Wëlle schlussendlech gefeelt huet. Sou geet d'Grënnung vun eiser Schueberfouer op de Jang de Blannen zeréck, deen den 20. Oktober 1340 en neien Ulaf geholl huet. Dem Jang seng Fouer louch méi spéit am Joer, huet just nach aacht Deeg gedauert a war haaptsächlech als Stoft- a Krommaart ausgeriicht.

Den Originaltext vum Jang sengem Dekreet (Anonym o.J.):

« Jehans par la grâce de Dieu roy de boheme, comte de Luxembourg à tous ceux que ces présentes lettres verront, salut. Nous avons ordonné, faict et étably, faisons, ordonnons et établissons par ces lettres à toujoursmais, pour nous et pour nos hoirs comtes de Luxembourg, une foire à notre ditte ville de Luxembourg, laquelle foire commencera chacun an la vigile de la fete de St. Bartholomé apostre, et durera huit jours continuels tous entiers en cette manière etc.etc. et que ce soit ferme et étably à toujoursmais, nous avons fait seler ces lettres de notre seel, donné à Luxembourg le vintième jour du mois d'octobre l'an de grace MCCCXL. »

Hiren Numm huet d'Schueberfouer wahrscheinlech vun der Plaz wou se ofgehale ginn ass. Dat war um Schuedbierg (dem haitegen Helleg-Geescht-Plateau), deen deemools nach baussent de Stadmauere war. Aus Schuedbierg ass Schuedmiss an duerno Schuebermëss ginn.[1]

Mat der Zäit huet d'Schueberfouer als Maart ëmmer méi Erfolleg kritt, soudatt de Schuedbierg op eng Kéier ze kleng war an d'Fouer 1610 huet missen op de Lampertsbierg plënneren, nodeems do de Bësch ëmgehae gi war. Zanter dem 18. Joerhonnert gëtt et och Concerten op der Fouer, an 1844 gouf et dunn déi éischt Cabareten. An éischter Linn war et awer ëmmer nach e Maart: nieft Stëfter, Päerd a Schof ass och Parzeläin a Liewensmëttel verkaaft ginn. Dat huet sech no an no awer definitiv geännert, wéi uganks dem 20. Joerhonnert e klengt Riserad an eng Aachterbunn komm sinn, a Mëtt vum 20. Joerhonnert d'Attraktiounen ëmmer méi mechanesch goufen.

D'Schueberfouer haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut si Knuppautoen a Spiller, wou ee gerëselt an duerch d'Luucht gejummt gëtt, e feste Bestanddeel vun der Fouer. Wat d'Iessen ugeet, gehéiere fir vill Leit gebake Fësch[2], Lëtzebuerger Grillwurscht, Gromperekichelcher oder en Eisekuch derbäi.

Ronn 500 Ufroe gëtt et all Joer vu Kiermesleit, fir e Stand op der Fouer opzemaachen, mä well d'Plaz feelt, gëtt just knapps d'Hallschent zougelooss. Déi, déi nach all Joer komm sinn, gi virgeholl, plus all Kéier zwee bis dräi nei Forainen. Et kommen all Joer bis zu zwou Millioune Leit op d'Fouer, a maache se domat och wirtschaftlech zu engem grousse Succès.

Traditionell geet d'Schueberfouer op mam Hämmelsmarsch, bei deem eng Museksgrupp mat Schof duerch d'Stroosse vun der Haaptstad zitt.

Wéi schonn zënter Joerhonnerten ass den Ufank am Prinzip um Virowend vu Baartelméisdag, also den 23. August.

Wann dëse "Virowend" awer op e Samschdeg, Sonndeg, Méindeg oder Dënschdeg fält, da geet d'Fouer dee Freideg virdrun un. Wann de "Virowend" op e Mëttwoch, Donneschdeg oder Freideg fält, da fänkt d'Fouer op deem Dag un. D'Fouer dauert 20 Deeg. Fréier war et zwou Woche plus déi Deeg bis méindes duerno.

Zanter 2008 gehéiert d'Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Editioun 2018[3][änneren | Quelltext änneren]

D'Fouerplakat 2018

Fir d'Editioun 2018 vun der Fouer stinn um Glacis an an de Stroosse ronderëm am Ganze 4,44 Ha zur Verfügung. Dat sinn 10 Ar manner wéi 2017 a 17 Ar manner wéi nach 2016. Doduerch, datt den Tram laanscht d'Fouer gebaut gouf, huet d'Plaz misse reamenagéiert ginn an et ass e bësse Fläch verluer gaangen.

Déi 180 Geschäfter op der Fouer setze sech zesummen aus:

  • 23 Attraktioune fir Erwuessener;
  • 20 Attraktioune fir Kanner;
  • 69 Spiller;
  • 15 Restauranten;
  • 35 Buvetten, Brasserien a Snack-Baren;
  • 18 Séissegkeetesbuden a -stänn.

Derbäi kommen nach 70 Kreemercherssbutteker an der Allée Scheffer.

Vun all de Forainen déi hiert Geschäfter op der Fouer hunn, sinn 33% Lëtzebuerger, 35% Fransousen, 16% Belsch, 14% Däitscher an 2% Hollänner.

Editiounen 2020 an 2021 ausgefall[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ausbroch vun der Otemweeërkrankheet COVID-19 an der weltwäiter COVID-19-Pandemie konnt d'Schueberfouer 2020 net ofgehale ginn[4]. Och dat Joer duerno gouf et keng traditionell Fouer, just eng kleng Versioun dovun, ënnert dem Numm „Fun um Glacis[5].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Steve Kayser, 2013: Nostalgie Schueberfouer, 128 S., Éditions Revue
  • Anonym, o.J. Schueberfouer History / Den Urspronk vun der Schueberfouer op funfair.lu [9.9.2008].
  • Kayser, Steve, 2007. Schueberfouer - Déi Lëtzebuerger Traditioun zanter 1340. Éditions Schortgen.
  • Margue, Michel & Pauly, Michel, 1990. «Pour ce que nous desirrons moult le profit et avancement de nostre pays et especiaulment de nostre ville de Luxembourg». Kurze Bemerkungen zum wirtschaftspolitischen Umfeld der Gründung der Schobermesse". In: Pauly, Michel (Hrsg.), 1990. Schueberfouer 1340-1990. Untersuchungen zu Markt, Gewerbe und Stadt in Mittelalter und Neuzeit. Publications du CLUDEM 1: 47-61. Luxembourg.
  • nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur: "Schueberfouer spécial", 2/3 2008 29. Joer, editions saint-paul.
  • Oppel, Pia, 2008. "D'Schueberfouer". In: Kmec, S., B. Majerus, M. Margue & P. Peporte (éditeurs), 2008. Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg, 2. Editioun, S. 317-322. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Kollmann, Cristian, 2010. "Etymologie von Schuebermëss, -fouer". infolux - Forschungsportal zum Luxemburgischen. [24.8.2011].
  • Pauly, Michel (Hrsg.), 1990. Schueberfouer 1340-1990. Untersuchungen zu Markt, Gewerbe und Stadt in Mittelalter und Neuzeit. Publications du CLUDEM 1. Les publications de la Banque et Caisse d'épargne de l'État. 152 S. Impr. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Schroeder, Jean, 1990. "L'acte de fondation de la 'Schueberfouer'", in: Pauly, Michel (Hrsg.), 1990. Schueberfouer 1340-1990. Untersuchungen zu Markt, Gewerbe und Stadt in Mittelalter und Neuzeit. Publications du CLUDEM 1: 41-46. Luxembourg.
  • Etymologie de „Schoberfuor“. Eng Gloss vum Marcel Noppeney an der Luxemburger Illustrierte, № 17 vun 1931

Medienalbum[änneren | Quelltext änneren]

Toundokument Den Hämmelsmarsch lauschteren ? / i

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schueberfouer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Etymologie von Schuebermëss
  2. Die Geschichte des „éischte Fouerfësch“. wort.lu [€], Luxemburger Wort, S. 20-21 (26.8.2023). Gekuckt de(n) 36.8.2023.
  3. Schueberfouer 2018 - Chiffres clés, vun der Gemeng Lëtzebuerg
  4. Wéinst Corona-Virus - "Keng Fouer, wéi mir se kennen", esou Patrick Goldschmidt op rtl.lu den 20. Abrëll 2020 18:25
  5. Charel M. Thillen, Mini-Fouer / „Fun um Glacis“: Stadt Luxemburg lädt zum gemeinsamen Feiern ein. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-08.