Schwaarzmiergrondel

Vu Wikipedia
Schwaarzmiergrondel
Eng Schwaarzmiergrondel

Eng Schwaarzmiergrondel
Eng Schwaarzmiergrondel
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Klass: Schankefësch
Uerdnung: Gobiiformes
Famill: Gobiidae
Gattung: Neogobius
Wëssenschaftlechen Numm
Neogobius melanostomus
Pallas, 1814
Verbreedung vun der Schwaarzmiergrondel. Déi rout Punkte weise wou se rezent agewandert ass. Op der Musel feelen déi rout Punkten

Verbreedung vun der Schwaarzmiergrondel. Déi rout Punkte weise wou se rezent agewandert ass. Op der Musel feelen déi rout Punkten
Verbreedung vun der Schwaarzmiergrondel. Déi rout Punkte weise wou se rezent agewandert ass. Op der Musel feelen déi rout Punkten

D'Schwaarzmiergrondel (Neogobius melanostomus) ass e klengen europäesche Fësch aus der Famill vun de Gobiiden, dee souwuel am Schwaarzen- wéi och am Kaspesche Mier, an och am Brackwaasser vun de Flëss ronderëm déi zwee Mierer doheem ass.

D'Schwaarzmiergrondel gouf ongewollt, warscheinlech mam Ballastwaasser vu Schëffer, verschleeft an huet sech duerno invasiv am Baltesche Mier, an enger Rëtsch vu mëtteleuropäesche Flëss, an och an de Groussen nordamerikanesche Séien invasiv ausgebreet. D'Aart gehéiert also do zu den invasiven Aarten.

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwaarzmiergrondel huet e laang gezunnene Kierper, am Quierschnëtt ass se gréisstendeels ronn. De Mond läit déif an d'Ae stinn iwwer de Kapp eraus. Et gëtt zwou Réckeflossen, wouvunner déi viischt kuerz an déi hënnescht opfälleg laang ass. D'Schwanzfloss ass symmetresch an distal ofgeronnt. D'Bauchflosse si wéi bei alle Grondelen zu enger eenzeger, saugnapfaarteger Scheif fusionéiert.

D'Schwaarzmiergrondelen hunn eng Liewensdauer vun 3-4 Joer, ausnamsweis kënne se bis zu 6 Joer al ginn.

Am Duerchschnëtt si se ronn 15 cm laang, si kënnen awer och bis zu eppes iwwer 20 cm laang ginn. Um Réck an op de Kierpersäite si se onopfälleg beige-brong gefierft, de Bauch ass awer ganz wäiss. Laanscht d'Säitelinn ass eng Rei däischter Flecken ze gesinn. Op der viischter Réckefloss ass en opfällege ronne Fleck.

An der Reproduktiounszäit vun Abrëll bis September fierwe sech d'Männercher däischter bis bal schwaarz.

D'Schwaarzmiergrondel zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg goufe bei de systematesche Kontrolle vun de Fëschpopulatiounen an de Joren 1996/1997 an 2005 keng Schwaarzmiergrondele fonnt.[1] Aus dem Rhäin ass d'Schwaarzmiergrondel zanterhier an d'Musel agewandert an huet sech och do invasiv verbreet. Zënter ongeféier 2010 ginn dës Fësch a grousser Zuel an der däitsch-lëtzebuergescher Musel gefaangen.[2] 2016 gouf d'Aart och aus der Sauer gemellt.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015, Anonyme. Grundeln in Hülle und Fülle. Luxemburger Wort vum 7. Juli 2015, S. 49.
  • 2016, Fédération luxembourgeoise des Pêcheurs Sportifs a.s.b.l. F.L.P.S.-Generalversammlung vom 28. Februar 2016. Broschür vun 89 S. (net numeréiert) (S. 15).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwaarzmiergrondel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Troschel, H.J., 2010. Fische in Luxemburg, erausgi vun der Administration de la gestion de l'eau, 213 S.
  2. Bei der "Péiteschfeier", engem Fëscherconcours vun der Lëtzebuerger Sportfëscherfederatioun op der Musel, goufen am Summer 2015 am Ganze 701 kg Fësch gefaangen, dovu 650 kg Grondelen. Luxemburger Wort vum 7. Juli 2015, S. 49.
  3. Schartz, N., 2016. Fischerei in Luxemburg. In die Ecke gedrängt. Fehlende Zugänge, Störenfriede und administrative Hürden erschweren den Anglern ihr Hobby. Luxemburger Wort vum 5. Juli 2016, S. 10-11.