Schweebech
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Schweebech. Fir d'Baach mam selwechten Numm, kuckt wgl. Schweebech (Baach). |
| Schweebech | |
|---|---|
|
Kapell vu Schweebech | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Schwebach de: Schwebach |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Réiden |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Gérard Zoller |
| Awunner | 73 |
| 2006 | |
| Koordinaten |
49° 44’ 44’’ N 05° 58’ 14’’ O |
|
| |
Schweebech ass eng Uertschaft an der Gemeng Sëll. Zu Schweebech stinn ongeféier 20 Haiser.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft läit am Norde vun der Baach Schweebech, op enger Héicht vun 256 Meter (NG-L).
Nordwestlech vu Schweebech läit Rippweiler a südlech läit Kapweiler.
Op Schweebech kënnt een iwwer 2 Weeër déi net wäit vun der Schweebecher-Bréck vun der N 12 fortginn, an 2 aner Weeër wouvun deen ee vu Kapweiler an deen anere vu Rippweiler kënnt.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Am Zentrum vum Duerf läit d'Kapell vu Schweebech, déi géint 1850 gebaut gouf, an där hiren Daachreider eng apaart aachteckeg Form huet.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Schweebech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
