Schweebecher Bréck

Vu Wikipedia
Schweebecher-Bréck
D'Schweebecher Bréck (2015)
An anere Sproochen fr: Schwebach-Pont
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Sëll
Buergermeeschter Gérard Zoller
Koordinaten 49° 44’ 49’’ N
      05° 58’ 28’’ O

D'Schweebecher Bréck ass e Lieu-dit, ca 150 m ëstlech vu Schweebech an der Gemeng Sëll. E läit direkt op der Nationalstrooss 12, déi schnouerriicht doduerch geet, tëscht den Uertschafte Sëll a Räichel.

Op der Schweebecher Bréck steet eng Auberge an e Gebai vun der Post mat techneschen Telefonsariichtungen.

Den Numm kënnt dohier well do d'Strooss iwwer eng kleng Bréck iwwer d'Baach Schweebech geet (ca 60 m südlech vun der Auberge).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schweebecher Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Auberge op der Schweebecher Bréck (2015)