Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften

Vu Wikipedia
Haaptgebai vun der Akademie am Norde vu Stockholm
Grënnungsdatum 1739
Leedung Bo Sundqvist (Rektor)
Plaz vun der Ariichtung Stockholm, Schweden
Websäit www.kva.se

Déi Kinneklech Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften (schweedesch: Kungliga Vetenskapsakademien) kuerz KVA – ass déi héchst wëssenschaftlich Ariichtung a Schweden, déi sech zur Aufgab geholl huet, Wëssenschaften, virun allem Naturwëssenschaften a Mathematik, z'ënnerstëtzen.

Déi Kinneklech Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften huet hire Sëtz an der schweedescher Haaptstad Stockholm an ass weltwäit bekannt fir d'Ernennung vun de Nobelpräisdréier a Physik, Chimie, souwéi dee vun der Schweedescher Räichsbank gestëfte Präis vun der schweedescher Räichsbank fir Wirtschaftswëssenschaften an Erënnerung un den Alfred Nobel.

Zesumme mat dem Institute of Physics gëtt déi Kinneklech Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften am Optrag vun de Wëssenschaftsakademien an de Physik-Gesellschafte vun de skandinavesche Länner, d'Zäitschrëft Physica Scripta eraus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Akademie gouf 1739 no dem Virbild vun der Royal Society of London an der Académie des sciences gegrënnt. Zu de Grënnungsmemberen hunn de Carl von Linné, Jonas Alströmer, Mårten Triewald, Sten Carl Bielke, Carl Wilhelm Cederhielm an den Anders Johan von Höpken gehéiert.

Hir haiteg Struktur an Aufgabe krut d'Akademie ëm 1820 vum Jöns Jacob Berzelius.

Klassen[änneren | Quelltext änneren]

D'Akademie ass an 10 Klassen agedeelt:


Bekannt ass d'Akademie och dofir, datt si versicht, d'Wëssenschaften fir e grousse Persounekrees allgemeng verständlech ze maachen. Dofir gëtt si och ettlech Zeitungen an Zäitschrëften eraus an organiséiert Virliesungen.