Schweigt stille, plaudert nicht

Vu Wikipedia
Zimmermannisches Caffee-Hauß (riets)

Schweigt stille, plaudert nicht, och bekannt als Kaffeekantate ass eng weltlech Kantat vum Johann Sebastian Bach.

Dem Wierk läit eng Dichtung vum Picander zugronn, déi hie 1732 verëffentlecht hat. Warscheinlech ass d'Kantat 1734 entstanen, fir am Zimmermannisches Caffee-Hauß zu Leipzig opgefouert ze ginn. Den Text muss zu der deemoleger Zäit populär gewiescht sinn, well en nieft dem Bach nach vun op d'mannst zwéin anere Komponisten opgegraff gouf, woubäi nëmmen dem Bach seng Interpretatioun en zousätzleche Schlussdeel opweises huet, vun deem awer net sécher ass, ob de Picander oder de Bach selwer d'Auteure sinn.

Am Géigesaz zu de meeschten anere weltleche Kantate vum Bach ass dëst Wierk kee Lueflidd op d'Herrscher mä skizzéiert humorvoll-ironesch eng Zeen aus dem biergerleche Liewe vun de Leipziger: den Här Schlendrian (Bass) versicht mat Drohunge senger Duechter Liesgen (Sopran) ofzegewinnen, all Dag Kaffi ze drénken; eréischt wéi hien hir erlaabt sech ze bestueden, gëtt d'Duechter kleng bäi, mä léisst awer heemlech verlauden, datt si nëmmen e Mann akzeptéiere kann, dee si Kaffi drénke léisst, wann et hir duerno ass.

D'Wierk ass fir de Bach an deem Sënn ongewéinlech, well et am Géigesaz zu bal allen anere Kantate vum Bach weeder an de Genre vun de Kierchekantaten, nach an d'Grupp vun den Huldegungsmuseke fir e Fürstenhaus passt. Et verréit e gewëssene Sënn fir Humor vum Komponist, deen et et versteet. d'Charaktere vun de Persoune mat musekalesche Mëttelen ze karikéieren. Dee warscheinlech bekanntste Saz (vun am Ganzen 10) ass dem Liesgen hir Arie "Ei! wie schmeckt der Coffee süße".

Besetzung[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]