Scorpius (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Scorpius
Lëtzebuergeschen Numm Skorpioun
Laténgeschen Numm Scorpius
Laténgesche Geenitiv Scorpii
Laténgesch Ofkierzung Sco
Rektaszensioun 15h 47m bis 17h 59m
Deklinatioun -8° 20´bis -45° 45´
Fläch 497 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 44° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Unzuel un Stäre mat
Gréisst < 3m
11
Hellste Stär,
Gréisst
Antares (α Scorpii),
1,06m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Ophiuchus
Libra
Lupus
Norma
Ara
Corona Australis
Sagittarius
Kaart vum Stärebild Scorpius. Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer.

De Scorpius (laténgesch Scorpio) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Scorpius ass een imposant Stärebild um südleche Stärenhimmel. Déi hellst Stäre formen déi kloer erkennbar Gestalt vun engem Skorpioun mat Schéieren a Stachel.

D'Stärebild läit an der Géigend vum Zentrum vun der Mëllechstrooss an huet eng vill Stärekéip an Niwwelen.

Vun eis aus gesi steet d'Stärebild Scorpius wéinst senger südlecher Lag am Summer déif iwwer dem Horizont an ass dofir net liicht ze gesinn.

Duerch d'Stärebild zitt sech d'Ekliptik, an dofir ginn d'Sonn, de Mound an d'Planéiten duerch de Skorpioun. De Skorpioun gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Wéinst der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs huet sech den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer vun der Antiquitéit verréckelt. D'Sonn steet vum 23. November bis den 30. November am Stärebild Skorpioun.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Bedeitung vum Stärebild geet op d'Griichen aus der Antiquitéit zeréck. De Skorpioun gehéiert zu den 48 klassesche Stärebiller, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

D'Chinesen hunn am Stärebild e mächtegen, awer guttmiddegen Drach gesinn, deen d'Fréijoer ugekënnegt huet.

Och Präkolumbesch Kulturen hunn am Stärebild e Skorpioun gesinn.[1] D'Mayas hunn de Begrëff zinaan ek (Stär vum Skorpioun) gebraucht.[2] Den John Barantine vum Point Observatorium an New Mexico gesäit an enger Steerëtzzeechnung den Hohokam an Nordamerika eng Duerstellung vun der Supernova vum 1. Mee 1006 am Stärebild Skorpioun.

Duerch d'Festleeë vun der haiteger Begrenzung vun de Stärebiller huet sech d'Konstellatioun eppes verännert. De Skorpioun huet de Stär γ (Zubenelakrab) seng südlech Schéier un d'Stärebild Libra (Wo) verluer, huet allerdéngs vum Stärebild Norma (Wénkelmooss) den Haaptstär α (elo N Scorpii) an den β (elo H Scorpii) krut.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 21 Antares, Kalb al Akrab, Cor Scorpii, Vespertilo 0,9 bis 1,8m 604 M1.5I ab-Ib + B4 Ve
λ 35 Shaula 1,63m 703 B2 IV + B
θ Sargas 1,86m 272 F1 II
ε 26 Wei 2,29m 65 K2.5 III
δ 7 Dschubba, Al Jabba, Iclarkrau 2,29m 402 B0.3 IV
κ Girtab 2,41m 464 B1.5 III
β1 8 Akrab, Elacrab, Graffias, Grassias 2,56m 530 B1 V
υ 34 Lesath, Lesuth 2,70m 519 B2 IV
τ 23 Alniyat, Al Niyat 2,82m 430 B0 V
π 6 2,89m 459 B1 V + B2 V
σ 20 Al Niyat 2,9 bis 3,8m 735 B1 III
ι1 2,99m 1792 F2 Iae
μ1 3,00m 822 B1.5 V + B6.5 V
G 3,19m 127 K2 III
η 3,32m 72 F3 III-Ivp
μ2 3,56m 517 B2 IV
ζ2 3,62m 151 K4 III
ρ 5 3,87m 409 B2 IV-V
ω1 9 Jabhat al Akrab 3,93m 424 B1 V
ν 14 Jabbah 4,00m 437 B3 V
ξ Grafias 4,16m 92,5
HR 6166 4,18m 339 K6 III
HR 6143 4,24m 746 B2 III-IV
HR 6546 4,26m 144 K0 IIIb
ω2 4,31m 265 G3 II-III
ο 19 4,55m 1178 A5 II
c2 13 4,58m 468 B2V
A 2 4,59m 434 B2.5 Vn
1 4,63m 522 B3 V
ζ1 4,70m 2900 B1 Iape
ι2 4,78m 3 700 A2Ib
i 22 4,79m 393 B2 V
HR 6628 4,79m 607 B8V
d 4,80m 140 A0 V
HR 6334 4,83m 2700 B1 Ia
HR 6675 4,85m 347 K2 III
HR 6682 4,88m 547 M0 III
β2 4,90m 1133 B2 V
ψ 15 4,93m 165 A3 IV
HR 5969 4,96m 212 K5 III
HR 6316 5,03m 491 B8 V
HR 6371 5,06m 300 G8 - K0 III + G
HR 6017 5,09m 255 K3 III
HR 6460 5,10m 757 B7 III
HR 6245 5,23m 7000 O8 Iaf
χ 17 5,24m 439 K3 III
HR 6142 5,31m 8500 B1 Iae
HR 6001 5,35m 425 M2 III
HR 6094 5,37m 42 G5 V
HR 5906 5,38m 414 B6 Ivn
HR 5907 5,41m 393 B2.5 Vne
HR 6100 5,42m 468 B8 IV
V913 5,43m 488 B5 IV
16 5,43m 250 A4 V
HR 6260 5,46m 6000 B0.5 Ia
V918 5,46m 3000 O9 Ia
HR 6221 5,48m 369 K0 III
27 5,48m 725 K5 III
18 5,49m 46 G2 Va
HR 6007 5,50m 433 B8 V
Stéch vum Stärebild Skorpioun

Den λ Scorpii, ass den zweethellste Stär am Skorpioun. Et ass e bloe Risestär deen op enger Distanz vu 700 Liichtjoer vun eis läit. Den Numm Shaula staamt aus dem Arabeschen an heescht „erhuewene (Stachel)“.

Op enger Distanz vu 46 Liichtjoer steet de Stär 18 Scorpii dee giel liicht, an deen a Gréisst, Temperatur a Liichtkraaft eiser Sonn gläicht. Mat enger visueller Magnitude vu 5,49m ass hien nach just mat bloussem A ze gesinn.

Méifachstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α 0,9 bis 1,8 / 6,5m 2,4
β 2,9 / 5,1m 13,7
σ 3,0 bis 3,8 / 9,0m 20
ξ 4,1 / 7,2m 7,9
ν 4,0 / 6,2m 41,4

Den hellste Stär am Skorpioun ass den Antares (α Scorpii). Den Numm staamt vun „Anti-Ares“ of a bedeit „Géigemars“ (de griichesche Krichsgott Ares entsprécht dem réimesche Gott Mars). Wéinst senger rouder Faarf gläicht de Stär dem Planéit Mars. Eng aner historesch Bezeechnung ass „Kalb al Akrab“, arabesch fir „Häerz vum Skorpioun“. De laténgeschen Numm „Cor Scorpii“ huet déi selwecht Bedeitung.
Den Antares ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vu 600 Liichtjoer. An engem Ofstand vun 2,4 Bousekonnen ass e Begleeder vun der 6. Gréissteklass. Den Haaptstär ass e Iwwerris mat der 10.000facher Liichtkraaft an dem 700fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn.

De β Scorpii steet op enger Distanz vu 530 Liichtjoer zu eis an ass een Duebelstär. Hie ka scho mat engem klengen Teleskop optesch gedeelt ginn.
Den arabeschen Numm "Akrab" bedeit och „Skorpioun“.

93 Liichtjoer ewech steet d'System ξ Scorpii a besteet aus sechs Stären déi sech ëmkreesen. Am Teleskop kënnen zwéi Stäre gesi ginn.

D'System ξ Scorpii ass 437 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus fënnef Stären. Am Teleskop mat enger 15 cm Ëffnung kënne véier Stäre gesi ginn.

Verännerleche Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
α 0,9 bis 1,8m 4,75 Joer hallefreegelméisseg Verännerlechen
σ 3,0 bis 3,8m 0,247 Deeg Alpha2- Canum-Venaticorum-Stär

Den Haaptstär vum System σ Scorpii verännert seng Hellegkeet iwwer een Zäitraum vu 5 Stonnen a 55 Minutten.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Numm Gréisst Typ
4 6121 5,9m Kugelstärekoup
6 6405 Päiperlekskoup 4,2m oppene Stärekoup
7 6475 3,3m oppene Stärekoup
80 6093 7,3m Kugelstärekoup
6124 oppene Stärekoup
6139 Kugelstärekoup
6144 Kugelstärekoup
6169 oppene Stärekoup
6178 oppene Stärekoup
6192 oppene Stärekoup
6231 oppene Stärekoup
6242 oppene Stärekoup
6249 oppene Stärekoup
6259 oppene Stärekoup
6268 oppene Stärekoup
6322 oppene Stärekoup
6334 Emissiounsniwwel
6383 oppene Stärekoup
6388 Kugelstärekoup
6416 oppene Stärekoup
RCW 131 Pismis 24 oppene Stärekoup
HD 319718A Pismis 24-1 10,43m Dräifachstär

Am Skorpioun ass eng Villzuel vun niwwelegen Objeten ze gesinn. Fënnef huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog (Messier-Katalog) opgeholl.

Ëstlech vum rouden Antares ass de Kugelstärekoup M 4, dee 6.000 Liichtjoer vun eis ewech ass.

Nërdlech vum Antares läit de Kugelstärekoup M 80. Seng Distanz zu eiser Äerd ass 36.000 Liichtjoer.

Den oppene Stärekoup M 6 ass ronn 2.000 Liichtjoer vun eis ewech. Wéinst senger Form gëtt dee Stärekoup och Päiperlekskoup genannt.

Den oppene Stärekoup M 7 läit 800 Liichtjoer ewech an huet ronn 80 Stären déi méi hell wéi déi 10. Gréissteklass sinn.
Den M 6 an den M 7 zielen zu de beandrockensten oppene Stärekéip déi vun Europa aus z'oservéiere sinn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Robert Burnham: Celestial Handbook. Bd 3. Dover, New York 1978. ISBN 0-486-23673-0
  2. Victor Wolfgang von Hagen (amerik. Fuerschungsreesender).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Scorpius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie