Screaming Fields

Vu Wikipedia

Screaming Fields ass e lëtzebuergesch Museksfestival a -concours fir Schülerbands, deen zënter 2005 existéiert. Tëscht 2005 an 2009 war den Numm Screaming Fields of Sonic Love.

Zënter 2017 gëtt et donieft och de Screaming Fields Song Contest.

Béid Evenementer gi vum Rocklab an der Rockhal organiséiert.

Matmaach-Krittären[änneren | Quelltext änneren]

Bis 2009 war de Festival fir lëtzebuergesche Amateursformatiounen op.

Vun 2010 u konnte just Schülerbands matmaachen: d'Gruppen hunn am Numm vum Lycée gespillt, an deem d'Membere Schüler waren, oder vum Jugendhaus, an deem si geprouft hunn (nëmme wann dat de Label "Proufsall" vum Service national de la jeunesse hat).

2016 goufen d'Reegele geännert, an d'Deelneemer mussen net méi fir e Lycée oder Jugendhaus spillen - et geet duer, datt d'Museker oder d'Membere vun enger Grupp tëscht 12 a 25 Joer al sinn.[1] Fir Gruppen zielt den Duerchschnëttsalter vun alle Memberen. D'Museker musse Lëtzebuerger ze sinn oder zu Lëtzebuerg ze wunnen. De Concours ass op fir all grouss Museksgenren: Pop, Rock, Metal, Hip-Hop, elektronesch Musek, Jazz a Blues.

All d'Gruppen an d'Museker, déi matmaache wëllen, musse sech fir d'éischt aschreiwen, duerno gëtt online ofgestëmmt wien alles beim Concertsowend dobäi däerf sinn.

2017 gouf de "Screaming Fields Song Contest" agefouert, bei deem et ëm d'Schreiwe vu Lidder geet. Hei sinn all d'Museksgenren zougelooss, ausser Jazz a klassesch Musek.[1]

Screaming Fields of Sonic Love (2005-2009)[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Editioun (2005)[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Editioun vum Festival, deen dunn nach "Screaming Fields of Sonic Love" geheesscht huet, war den 30. September an den 1. Oktober 2005.[2] Dat ass och den Numm vun enger Kommpilatioun vun der amerikanescher Rockband Sonic Youth aus dem Joer 1995.

Follgend Gruppen sinn den 30. September opgetrueden:

Follgend Gruppen sinn den 1. Oktober opgetrueden:

  • Silence Is Welcome
  • Orange Squad
  • Lecter MD
  • Clean State
  • Tvesla
  • Do Androids Dream of Electric Sheep
  • Ophidian
  • Rise Up
  • Ex Inferis

De Festival gouf live vum Radio 100,7 iwwerdroen.

Zweet an drëtt Editioun (2006)[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am Joer 2006 ware de Festival direkt zweemol:

  • Vum 20. bis den 22. Juli war déi zweet Editioun, am Kader vun der offizieller Ouverture vum Centre de ressources vun der Rockhal.[3]
  • Déi drëtt Editioun war den 1. an den 2. Dezember.

Béid Editioune waren am klenge Sall vun der Rockhal.[3]

Véiert Editioun (2007)[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Déi véiert Editioun war de 4. Mee am klenge Sall vun der Rockhal.[4]

Fënneft Editioun (2008)[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. an de 24. Mee 2008 war déi fënneft Editioun vum Screaming Fields of Sonic Love am Club vun der Rockhal.[5]

Den éischten Owend stoung ënnert dem Thema "Electro". Dräi Gruppe sinn opgetrueden:[6]

Den zweeten Owen war dem Rap, Hip-Hop, Ragga a Soul gewidmet. Véier Kënschtler a Gruppe sinn opgetrueden:

  • Last Ar
  • Sensual Lover
  • Bossmen
  • A.L.S
  • Uranami

De Festival war kee Succès: Freides waren nëmme 60 Zuschauer present.[7]

Sechst Editioun (2009)[änneren | Quelltext änneren]

Déi sechst Editioun war de 7. November am Club vun der Rockhal mat follgende Gruppen:[8]

  • The Tiquettes
  • Anx74
  • Agents of Atlas
  • Klappstuhl
  • S.K.O.R.

D'Rockhal huet de Konzept vum Festival iwwerschafft. 2009 war d'Transitioun zum neie Konzept "Daï Lycée Rockt!" an de Festival just nach een Dag laang.[8]

Screaming Fields (zënter 2010)[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Editioun (2010)[änneren | Quelltext änneren]

Zënter 2010 heescht de Festival net méi "Screaming Fields of Sonic Love" mee just nach "Screaming Fields". D'Konzept huet geännert an de Festival ass zu enger Kompetitioun fir Schüler- a Jugendbands ginn, mam Zil, jonk Gruppen ze entdecken an ze fërderen.[9]

Déi éischt Editioun vum neie Festival, deen de Bäinumm "Däi Lycée rockt!" krut, war de 5. Juni 2010 am Club vun der Rockhal.

Et hu sech ronn 30 Gruppen aus 19 Lycéeën ageschriwwen, a 600 Leit waren am Publikum.[10]

Participanten[11]
Grupp Museksgenre Schoul
Zero Point 5 Rock Escher Jongelycée
Anthem of the Sun Pop Athénée de Luxembourg
Los duenos del ska Ska Lycée Technique de Bonnevoie
Falling Down Metalcore Lycée du Nord, Wolz
The Turbigos Indie Stater Jongelycée
Blood-Shot Midnight Metal Lycée technique d'Esch-sur-Alzette
Nisroc Indie Lycée technique des arts et métiers, Stad Lëtzebuerg
Anx74 Punk Lycée technique Joseph Bech, Gréiwemaacher
Tuys Pop Lycée technique Nic. Biever, Diddeleng
The Devil's Advocats Indie Lycée classique d'Echternach
Lost in Pain Metal Lycée technique Mathias Adam, Péiteng
Ice Scream Indie Lycée Josy Barthel, Mamer
Project 9 Post-Punk Den Neie Lycée, Stad Lëtzebuerg
Project Yoko Indie Europaschoul Lëtzebuerg
Dead City Streets Punk, Ska Athénée de Luxembourg

D'Gruppen goufen iwwer en Online-Vote ausgewielt. Eng Jury aus Leit, déi berufflech mat Musek ze dinn hunn, hunn d'Gewënner vum Concours festgeluecht.

De Präis fir déi bescht Live Performance ass u Lost in Pain gaangen. Si kruten d'Geleeënheet, um Festival On Stéitsch ze spillen.[12]

Los duenos del ska hunn de Präis fir de beschte Marketing gewonnen an Nisroc dee fir de beschte Song.[10],[13]

Zweet Editioun (2011)[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den 3. Juni 2001 hunn 11 Gruppe matgemaach, vun deenen der néng online vum Public ausgewielt goufen fir um Festival opzetrieden. Fir ee Lycée konnt nëmmen eng Grupp optrieden.[10]

Participanten[14]
Grupp Museksgenre Schoul
Dont Feed us to the Sharks Metal Lycée Hubert-Clément, Esch
All the Way Down Punk/Rock Lycée du Nord, Wolz
Another Vantage Point Electro/Rock Lycée technique pour professions éducatives et sociales, Miersch
Passwords Pop/Rock Lycée classique de Diekirch
ToXic MonkeYs Rock École Privée Fieldgen, Stad Lëtzebuerg
Pygmy Marmosets Pop/Rock Europaschoul
Thoughts of the 4 Alternative Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette
Tuys Rock/Pop Lycée Nic-Biever, Diddeleng
Anthem of the Sun Pop/Rock Athénée de Luxembourg
We knew John Doe Metal Lycée Josy-Barthel Mamer
Five Cent Cones Indie Lycée Aline-Mayrisch, Stad Lëtzebuerg

Follgend Präisser goufe verdeelt:[10],[15]

  • Dee fir déi bescht Performance vum Service national de la jeunesse (SNJ). En ass un Thoughts of the 4 gaangen.[14] Si goufe vum SNL op de Festival On Stéitsch am September 2011 agelueden.
  • D'Sacem huet e Präis fir déi bescht Originalkompositioun mat engem Präisgeld vu 500 Euro gestëft.
  • D'Jonk Entrepreneuren an d'Luxemburger Wort hunn e Präis fir de beschte Marketing gestëft, deen et de Gewënner erlaabt huet, e Pressëdossier an eegen Artwork ze designen.

Drëtt Editioun (2012)[änneren | Quelltext änneren]

Déi drëtt Editioun war den 9. Juni am Club vun der Rockhal.

Participanten[16],[17]
Grupp Schoul
Five Cent Cones Lycée Aline Mayrisch, Stad Lëtzebuerg
Impact Hour Lycée Ermesinde
ToXic MonkeYs & Deborah École privée Fieldgen, Stad Lëtzebuerg
Taste of Liberty Lycée Hubert-Clément, Esch
The Neverminds Lycée technique de Lallange, Esc-Uelzecht
Acrylic Europaschoul
Destruction of a Paradise Lycée privé Émile-Metz, Stad Lëtzebuerg
Tuys Lycée Nic-Biever, Diddeleng
C.M.P Atert-Lycée, Réiden op der Atert
Heaven's Scum Lycée technique d'Esch-sur-Alzette
Why We Failed Maison des jeunes vu Clausen

D'Five Cent Cones kruten de Präis fir déi bescht Live Performance an dee fir dat bescht Lidd.[18] De Präis "Coup de coeur" ass un zwou Gruppe gaangen: Acrylic an Tuys. Impact Hour krut de Präis fir déi kreatiivste Promotioun.[19]

Et ware ronn 600 Leit am Publikum.[18]

Véiert Editioun (2013)[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Juli 2013 war déi véiert Editioun vum "Screaming Fields : Däi Lycée rockt!"[20]

Participanten[21]
Grupp Schoul
District 7 Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette
Impact Hour Lycée Ermesinde, Miersch
Soulhenge Lycée classique de Diekirch
Fedelux International School of Luxembourg
Tuys Lycée Nic-Biever, Diddeleng
The Neverminds Lycée technique de Lallange, Esch
Acoustic Message Lycée Aline-Mayrisch, Stad Lëtzebuerg
Awakening the Seasons Lycée technique Mathias-Adam
Blood to Prove Lycée technique privé Emile-Metz
Why We Failed Lycée de Garçons de Luxembourg
Behold Suffer Jugendhaus Mamer

District 7 krut de Präis fir déi bescht Live-Performance an domat och d'Méiglechkeet um Festival On Stéitsch 2013 an op der Diddelenger Fête de la musique 2014 opzetrieden. Zousätzlech krute si och nach eng Begleedung duerch de Centre de ressources vun der Rockhal.[22]

Impact Hour huet zwee Präisser gewonnen, dee vum beschte Lidd fir Day and Night, an dee vun der kreatiivster Promo. Si kruten e Präisgeld vu 500 Euro, d'Ënnerstëtzung bei der Entwécklung vun eng visueller Identitéit am Internet mat dem Design vun engem Bandlogo, an eng Opnam am Rockhalstudio.[22]

Soulhenge krut de Präis "Coup de Coeur" vun der Rockhal. Domat dierfen si 20 Mol an de Proufsäll vun der Rockhal prouwen, a si kruten eng Begleedung vun der Ekipp vun der Rockhal an e Budget fir Promomaterialien.[22]

Fënneft Editioun (2014)[änneren | Quelltext änneren]

Déi follgend Editioun war de 5. Juli 2014 am Club vun der Rockhal.[23]

Participanten[24]
Grupp Museksgenre Schoul
Danny Boland Singer-Songwriter St. George's International School, Lëtzebuerg
Only 2 Sticks Grunge, Rock Lycée Technique des Arts et Métiers, Lëtzebuerg
High Impact Jump Up DJ École de commerce et de gestion, Lëtzebuerg
District 7 Pop-Rock Lycée Ermesinde, Lëtzebuerg
The Kooters Indie-Pop-Rock Athénée de Luxembourg
Zeptah Hip-Hop Lycée Michel-Rodange, Lëtzebuerg
Awakening the Seasons Post Melodic Hardcore Lycée Mathias-Adam, Péiteng
The Magnums Rock Jugendtreff Hesper
Marenelo Hip-Hop Lycée Robert-Schuman, Lëtzebuerg
Decipher Progressive Death Metal Lycée Michel-Rodange, Lëtzebuerg
Forsan Hip-Hop Stater Jongelycée

District 7 krut de Präis fir déi bescht Kompositioun fir hiert Lidd Crossing Paths. Si hu 500 Euro vun der Sacem an een Dag am Tounstudio vun der Rockhal gewonnen.

Den Danny Boland an de Rapper Zeptah goufen allebéid mam Präis "Coup de cœur" ausgezeechent. Si hu gratis Sessiounen an de Proufsäll vun der Rockhal, eng Sessioun am Tounstudio an en Optrëtt op der Diddelenger Fête de la musique gewonnen.

Only 2 Sticks krut de Präis fir déi bescht Live Performance an en Optrëtt op de Festivallen On Stéitsch a Mess for Masses.

The Magnums goufe fir déi bescht Promotioun ausgezeechent. Si krute 500 Euro, Ënnerstëtzung vun der Rockhal bei der Kreatioun vun engem online Pressëdossier an zwee Deeg am Tounstudio.

Donieft huet de Stroossener Stroossefestival der Band District 7 en Optrëtt am September ugebueden.[25]

Sechst Editioun (2015)[änneren | Quelltext änneren]

Déi sechst Editioun war den 11. Juli 2015 am Club vun der Rockhal.[26]

Participanten
Grupp Museksgenre Schoul
Josh Oudendijk Singer-Songwriter European School of Luxembourg
Another From Above Melodic Hardcore Lycée Technique de Lallange, Esch
Soulhenge Metal Lycée classique de Diekirch
Forsan Hip-Hop École de commerce et de gestion, Lëtzebuerg
Only 2 Sticks Ggarage Rock, Melodic Rock Lycée technique des art et métiers, Lëtzebuerg
Marenelo Hip-Hop, Jazz Lycée Robert-Schuman
Zeptah Hip-Hop Lycée Michel-Rodange
Kevin Heinen Singer-Songwriter Lycée Robert-Schuman

De Sänger Josh Oudendijk huet zwee Präisser gewonnen, dee fir dat bescht Lidd (fir Letter for Eva) an de Food-for-Your-Senses-Präis, deen et him erlaabt huet um Festival Capital Sounds opzetrieden.[27]

Siwent Editioun (2016)[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Kandidate sinn de 16. Juli 2016 am Club vun der Rockhal opgetrueden:[28]

  • Soulhenge
  • Marenelo
  • La Relève
  • The Kooters
  • Another From Above
  • Black Pearl Inks
  • Rat October
  • District 7

Donieft huet och nach déi belsch Grupp Cosmic FM hors concours gespillt.[29]

District 7 krut de Präis fir dat bescht Lidd (Heartbeat), an domat 500 Euro an eng Sessioun am Rockhaltounstudio. Si kruten och de Coup-de-coeur-Präis. Och Soulhenge gouf zweemol ausgezeechent: mam Präis fir déi bescht Promocampagne a mam Präis fir déi bescht Live Performance.[30]

Promoteure vun anere Museksfestivalle ware present an hunn de Participanten Optrëtter op hiren Evenementer ugebueden: Soulhenge um belschen Hop 'n' Roll Festival zu Marbehan, Another From Above um Rock the South an um On Stéitsch, The Kooters um Stroossefestival, Rat October an de Rotonden a La Relève um Music For Good am Club vun der Rockhal.[31]

Aacht Editioun (2017)[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi aacht Editioun, déi de 15. Juli 2017 am Club vun der Rockhal war, goufe véier Gruppen a Kënschtler an der Alterskategorie 12 bis 18 ausgewielt, a véier an der Alterskategorie 19 bis 25. Och "Screaming Fields Song Contest" gouf agefouert, mam Thema "Ech a meng Zukunft".[1]

Follgend Kënschtler a Gruppe sinn um Festival opgetrueden:[32]

Déi belsche Gupp Atum Nophi ass als Spezialgaascht opgetrueden fir den Owend ofzeschléissen.

The Choppy Bumpy Peaches hu fir Song 29 de Präis fir dat bescht Lidd gewonnen an domat en Optrëtt um Rock the South. The Kooters hun de Präis Coup de Coeur vum Rocklab gewonnen a goufe fir de belsche Festival lampli.be gebucht. Legacy of Atlas kruten de Präis fir déi bescht Promotiounscampagne an de Rapper Maz de Präis fir déi bescht Live-Performance. Hie huet mat Future & Me och de "Song Contest" gewonnen a gouf direkt fir dräi Optrëtter gebucht: um Festival On Stéitsch, um Food For Your Senses an am Atelier.[33],[34]

Néngt Editioun (2018)[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Juli 2018 war déi néngt Editioun. Follgend Kënschtler a Gruppen hu matgemaach:[35],[36]

Spezialgaascht war déi däitsch Rock-Rap-Grupp Indianageflüster.

Den Adrian, dee spéider besser bekannt sollt ginn als Chaild, krut fir Chimney Sweeper de Präis vun der Sacem fir déi bescht Kompositioun. D'Sängerin Tyra krut den INGA Luxembourg Prize fir déi bescht Promocampagne. Béid Präisser ware mat 500 Euro dotéiert. D'Sängerin C'est Karma krut de Präis fir déi bescht Live-Performance vun der Stad Diddeleng an d'Méiglechkeet, do 2019 op der Fête de la musique opzetrieden. Donieft huet den Adrian och de Coup-de-Coeur-Präis an e Suivi vun der Ekipp vun der Rockhal gewonnen.[37]

D'Sängerin Ema Macara (och bekannt als AEM) huet mat City Ties de Song Contest gewonnen an d'Méiglechkeet, d'Lidd professionell am Tounstudio opzehuelen a e Museksvideo dofir ze produzéieren.[38],[39] Dee Präis gouf, wéi schonn d'Joer virdrunn, vum Cactus gesponsort.

Donieft goufen och verschidde Kënschtler fir Live-Optrëtter gebucht: den Adrian am Atelier, C'est Karma an de Rotonden, Trappers um E-Lake Festival, Dessy Mesk um On Stéitsch, Rat October um LAG Rock & Pop zu Koblenz a Pleasing am De Gudde Wëllen.[40]

Zéngt Editioun (2019)[änneren | Quelltext änneren]

Déi zéngt Editioun vum Screaming Fields an déi drëtt Editioun vum Screaming Fields Song Contest waren den 13. Juli 2019. Fir de Song Contest huet de Rocklab mam Ministère fir Gläichstellung tëschent Männer a Fraen kooperéiert. D'Thema war "Democracy and Gender Equality" (Demokratie a Gläichberechtegung vu Fraen a Männer).[41]

An der Jury vun der Virauswal vum Festival souzen d'PR- a Bookingmanagerin Nathalie Barbosa, den Tun Biever vun der Band Tuys, de Produzent Eric Bintz, d'Sängerin Irina Holzinger vun der Band Irina, d'Sängerin Laetitia Koener vun der Band Go By Brooks, de Sänger a Museker Hugo Nogueira Centeno vun der Band Lost in Pain, d'Musekerin Claire Parsons, an de Sänger Edsun.[42]

Follgend Kënschtler sinn 2019 an der Kompetitioun vum Screaming Fields opgetrueden:[43]

De "Rocklab Package", offréiert vum Kulturministère, ass un d'Sängerin AEM gaangen. Si krut fir City Ties, d'Lidd mat deem si d'Joer virdrun de Song Contest gewonnen hat, och de Präis fir déi bescht Kompositioun. D'Band Parity huet de Präis fir déi bescht Promotioun gewonnen. De Präis fir déi bescht Live-Performance krut Francis of Delirium.

Francis of Delirium hunn och de Song Contest gewonnen.[44] Op der zweeter, respektiv der drëtter Plaz, stoungen d'Rapperin Nicool an de Rapper Yadson.

An der Jury vum Song Contest souzen d'Sängerin Priscila da Costa vun de Formatioune Ptolemea an The Velvet, d'Christine Delvaux vun Eldoradio, de Sänger Georges Goerens vu Bartleby Delicate a Seed to Tree, d'Sängerin Irina Holzinger, de Sänger a Museker Jérôme Reuter vu Rome, den Yves Stephany vum Radio 100,7 a Vertrieder vum Ministère de l'Egalité entre les femmes et les hommes an der Rockhal.[42]

Eeleft Editioun (2021)[änneren | Quelltext änneren]

De Festival[änneren | Quelltext änneren]

2020 gouf de Screaming Fields wéinst der Covid-19-Pandemie net organiséiert. Déi eeleft Editioun gouf dunn an engem méi klenge Kader organiséiert. Sechs Kënschtler a Gruppe sinn opgetrueden:[45]

  • Culture the Kid
  • Angel Cara
  • Chasey Negro
  • Lara Grogan
  • Mellow
  • Zirocco

Als Spezialgaascht ass de lëtzebuergesche Rapper Skibi opgetrueden.

De Rapper Chasey Negro war den Haaptgewënner vum Owend. Hie krut de "Rocklab Package", dee vum Kulturminsterium gesponsert gouf. Deen setzt sech zesummen aus engem intensive professionelle Suivi duerch d'Ekipp vum Rocklab an d'Ophuele vun Audio a Video. Hie gouf vum Atelier an der Kulturfabrik och fir Concerte gebucht.

Donieft krut d'Sängerin Lara Grogan de "Songwriter Package" vum The Grund Club Luxembourg, an domat en Atelier, wéi ee Lidder schreift an eng Invitatioun zu enger Live-Show an deem Club. Si gouf och fir Concerte an de Rotonden an Neimënster gebucht.

D'Stad Diddeleng huet d'Anne Funk fir e Concert gebucht, an De Gudde Wëllen an den Trifolion Culture The Kid.[46],[47]

De Song Contest[änneren | Quelltext änneren]

D'Gewënner vum Song Contest goufen net wéi an de Jore virdrun den Owend vum Festival annoncéiert. Et war nach bis de 24. September 2019 méiglech, Lidder anzereechen. D'Thema vun der véiert Editioun vum Song Contest war "I Want to Break Free".

D'Lisa Grogan huet de Concours mam Lidd The Other Side gewonnen, an domat en "Artist Package", dee vum Kulturministère, der Sacem Luxembourg, dem Lëtzebuerger Filmfong, de Jonk Entrepreneuren, dem Grund Club Luxembourg, an dem Rocklab gesponsert war. Deel dovu waren ënner anerem d'Opnam vum Lidd mat engem erfuerene Produzent, d'Produzéiere vun engem Museksvideo, Gesankscoursen, ee Releaseconcert.[48] D'Lidd gouf am Januar 2023 verëffentlecht.[49]

Zwieleft Editioun (2022)[änneren | Quelltext änneren]

De Screaming Fields Festival war den 9. Juli 2022 am Club an der Rockhal.

Participante waren:[50],[51]

  • Deep Dive Culture (Rock)
  • Sixo (Hip-Hop)
  • Pinkspace (elektronesch Musek)
  • Zirocco (Metal)
  • Trouble in Paradise (Rock)
  • Suffocate (Metal9
  • Triana y Luca (Folk)
  • SCÍAN (Post Rock)

Als Special Guest ass de Rapper Chasey Negro opgetrueden, deen d'Joer virdrun den Haaptpräis gewonnen hat.

D'Grupp Trouble in Paradise hunn den Haaptpräis, de "Rocklab Package" gewonnen, an domat e Mentoringprogramm, Gesanks- an Technikberodung, Live-Prouwen an Tounopnamen. De "Grund Club Package" (e Concert an a Songwriting-Atelier) ass un déi iresch-lëtzebuergesch Rockband Scian gaangen. D'Metalband Suffocate hunn de "Jonk Entrepreneuren Package" gewonnen: en Atelier, wéi e sech besser an de soziale Medie verkeeft.[52]

De De Song Contest gouf 2022 net organiséiert.

Dräizéngt Editioun (2023)[änneren | Quelltext änneren]

Festival[änneren | Quelltext änneren]

Déi dräizéngt Editioun vum Screaming-Fields-Festival ass den 8. Juli 2023 am Rocklab mat aacht Kandidaten:

  • Ninon (Pop)
  • Marcy (Pop)
  • Gone Machado (Hip-Hop)
  • Culture The Kid (Hip-Hop)
  • Zana (Pop)
  • Fulvous (Rock)
  • Sempervirent (Rock)
  • Skuto (Hip-Hop)

Als Spezialgaascht trëtt Trouble in Paradize op, de Gewënner vun 2022.

Nieft dem ëffentleche Vote huet eng Jury, där hire Choix 50% vum Vote weit, d'Participanten ausgewielt, déi hirer Meenung no am meeschte Potenzial hunn. An där Jury souzen 2023 de Sänger Adriano Lopes Da Silva (CHAiLD), d'Doriane-Alexandra Leroy vun der Rockhal, de Frank Rippinger vum E-Lake Festival, de Journalist Godefroy Gordet, de Khalid Bartholomé vum Café De Gudde Wëllen an d'Seja Katherina vun der Grupp The Tame and the Wild.

Song Contest[änneren | Quelltext änneren]

D'Thema vun der fënnefter Editioun vum Song Contest ass "Tomorrow Stars Today".[53]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 lequotidien.lu: Le grand huit de Screaming Fields à la Rockhal vum Pablo Chimienti (30. Mäerz 2017)
  2. Rapport d’activité 2005 vum Kulturministère, Säiten 113 an 114
  3. 3,0 3,1 Rapport d’activité 2006 vum Kulturministère, Säiten 144-146
  4. Rapport d’activité 2007 vum Kulturministère, Säiten 100 an 101
  5. Rapport d’activité 2008 vum Kulturministère, Säiten 170 an 174
  6. tout-luxembourg.com: Festival « Screaming Fields of Sonic Love » (17. Mee 2008)
  7. lessentiel.lu: Screaming Fields of Sonic Love: forte créativité, faible public vum Kerstin Smirr (25. Mee 2008)
  8. 8,0 8,1 Rapport d’activité 2009 vum Kulturministère, Säiten 160, 164, 168
  9. Rapport d’activité 2010 vum Kulturministère, Säiten 153 an 155
  10. 10,0 10,1 10,2 10,3 Screaming Fields 2011 Däi Lycée rockt!, Interview vun LATM-Schüler mam Rockhal-Direkter Olivier Toth (12. Februar 2011)
  11. tout-luxembourg.com: Festival Screaming Fields of Sonic Love 2010 – 5 juin Rockhal (23. Mee 2010)
  12. Texas mit Greatest Hits Tour Headliner des Festivals Rock um Knuedler 2011 in Luxemburg , Pressecommuniqué vum Luxembourg City Tourist Office Luxemburg, (27. Juni 2011)
  13. lessentiel.lu: «Nous sommes fiers de notre succès», Interview mam Kerstin Smirr (6. Juni 2010)
  14. 14,0 14,1 lessentiel.lu: Welche Schülerband schafft den Sieg? (1. Juni 2011)
  15. Rapport d'activités 2011 vum Kulturministère, Säit 133 an 135
  16. virgule.lu: Screaming Fields: les lycéens ont voté (11. Mee 2012)
  17. wort.lu: Schüler rocken: „Screaming Fields“-Line-Up komplett (3. Mee 2012)
  18. 18,0 18,1 lessentiel.lu: Wenn aus Schülern echte Rocker werden vum Thomas Holzer (10. Juni 2012)
  19. luxtimes.lu: Screaming Fields final hits the Rockhal (11. Juni 2012)
  20. Rapport d'activité 2013 vum Kulturministère, 2013
  21. chronicle.lu: Screaming Fields Music Festival (6. Juli 2013)
  22. 22,0 22,1 22,2 lessentiel.lu: Le rock lycéen honoré au Screaming Fields (7. Juli 203)
  23. eldo.lu: Screaming Fields 2014! (24. Abrëll 2014)
  24. luxtimes.lu: Screaming Fields school band contest finalists selected (4. Juni 2014)
  25. luxtimes.lu: Winners of Screaming Fields 2014 are... (6. Juli 2014)
  26. luxtimes.lu: Young artists perform at free Screaming Fields festival (7. Juli 2015)
  27. eldo.lu: Josh Oudendijk, grousse Gewënner um Screaming Fields! (14. Juli 2015)
  28. luxtimes.lu: Final line-up announced for Screaming Fields (1. Juni 2016)
  29. vacarm.net: Screaming Fields 2016: le line-up dévoilé (1. Juni 2016)
  30. luxtimes.lu: Soulhenge, District 7 win big at Screaming Fields (18. Juli 2016)
  31. vacarm.net: Screaming Fields 2016 : les lauréats (18. Juli 2016)
  32. Affiche vum Screaming Fields 2017 op lampli.be
  33. chronicle.lu: Young Rapper MC Maz Wins Screaming Fields Song Contest (17. Juli 2017)
  34. tageblatt.lu: Die Gewinner des "Screaming Fields 2017" (16. Juli 2017)
  35. luxtimes.lu: Young musicians prepare for Rockhal's Screaming Fields (29. Mäerz 2018)
  36. 100komma7.lu: Dës 8 Acts triede beim Screaming Fields op vum Yves Stephany (11. Juli 2018)
  37. today.rtl.lu: Screaming Fields 2018 winners announced (15. Juli 2018)
  38. : Ema, lauréate du deuxième ‘Screaming Fields Song Contest by Cactus’ (23. Juli 2018
  39. vacarm.net: ÆM « City Ties » Single Release (Rockhal) le 24 avril 2019 (3. Abrëll 2019)
  40. lequotidien.lu: Screaming Fields : les jeunes talents sur le devant de la scène vum Pablo Chimienti (18. Juli 2018)
  41. chronicle.lu: Screaming Fields Festival (13. Juli 2019)
  42. 42,0 42,1 Dossier de presse - Screaming Fields 2019, Säit 4
  43. 100komma7.lu: Déi aacht Acts um Screaming Fields 2019 vum Jamie Reinert (11. Juli 2019)
  44. mega.public.lu: Francis Of Delirium – Taina Bofferding Félicite La Lauréate Du Screaming Fields Song Contest (13. Juli 2019)
  45. delano.lu: Battle of the bands: Screaming Fields lineup announced vum Jeffrey Palms (26. Juni 2019)
  46. wort.lu: Chasey Negro stürmt "Screaming Fields" (11. Juli 2021)
  47. today.rtl.lu: Chasey Negro and Lara Grogan wow with winning performances (11. Juli 2021)
  48. Dossier de presse - Screaming Fields Song Contest 2021, Säit 2
  49. eldo.lu: D'Emily Grogan mat éischter Single "The Other Side" (23. Januar 2023)
  50. eldo.lu: Line-Up vum Screaming Fields 2022 (8. Juni 2022)
  51. 100komma7.lu: Dës 8 Acts triede beim "Screaming Fields" 2022 op vu Jamie Reinert, Marc Clement a Sam (8. Juli 2022)
  52. Gewënner op screamingfields.lu/festivalwinners (gekuckt de 26. Juni 2023)
  53. eldo.lu: Screaming Fields Festival & Songcontest 2023 (19. Abrëll 2023)