Screen Actors Guild Awards

Vu Wikipedia
Eng vergréissert Statu vum Screen Actors Guild Award

D'Screen Actors Guild Awards, kuerz och SAG Awards, sinn eng Auszeechnung fir Film an Televisioun an den USA.

Si gi vun der Screen Actors Guild-American Federation of Television and Radio Artists organiséiert, der Gewerkschaft vun de Persounen, déi ënner anerem an der Film- an Televisiounsindustrie schaffen.

All Joer gëtt et eng Zeremonie, an där d'Gewënner a 15 Kategorien geéiert ginn, dorënner sechs am Beräich Film an néng am Beräich Televisioun. D'Gewënner kréien déi sougenannte "Actor"-Statu, déi e Mann, mat enger Mask déi laacht, an där enger Hand an enger traureger Mask an där anerer Hand duerstellt.

Zënter 1995 zielen d'SAG Awards zu de wichtegen Auszeechnungen zu Hollywood.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Screen Actors Guild Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]