Sculptor-Grupp

Vu Wikipedia
D'Lag vun der Sculptor-Grupp an der Noperschaft vun der Lokaler Grupp

D'Sculptor-Grupp ass eng Galaxiëgrupp am Stärebild Sculptor no beim galaktesche Südpol. Mat enger Distanz vu ronn 12 Mio. Liichtjoer (ongeféier 4 Mpc) ass si den notste Galaxuekoup no der Lokaler Grupp.

D'Sculptor-Galaxis (NGC 253) an e puer aner Galaxië formen de gravitatiounsgebonnene Kär am Zentrum vun der Grupp, wärend aner Galaxien um Rand mat der Grupp verbonne schéngen, awer net gravitatiounsgebonne sinn. A verschiddenen Ënnergruppen zitt sech d'Sculptorgrupp vu ronn 2 Mpc (z. B. NGC 55, NGC 300) bis 6 Mpc Distanz vun der Mëllechstrooss hin. D'Zouuerdnung vun dësen Ënnergruppen zur der Sculptor-Grupp kann dofir variéieren.

Membere vun der Sculptor-Grupp
Bezeechnung Typ Rektaszensioun
J2000.0
Deklinatioun
J2000.0
vR
(km/Sekonnen)
Distanz
Mpc
mB
NGC 253 SAB(s)c 00 47 33,1 -25 17 18 243 ± 2 3,94 8,0
NGC 55 SB(s)m 00 14 53,6 -39 11 48 129 ± 2 1,80 8,8
NGC 300 SA(s)d 00 54 53,5 -37 41 04 144 2,15 9,0
NGC 247 SAB(s)d 00 47 08,5 -20 45 37 156 ± 2 4,09 9,9
NGC 7793 SA(s)d 23 57 49,8 -32 35 28 227 ± 2 3,91 10,0
IC 5152 IA(s)m 22 02 41,5 -51 17 47 122 ± 2 2,07 11,1
NGC 625 SB(s)m 01 35 04,6 -41 26 10 396 ± 1 2,70 11,7
PGC 6430 IB(s)m 01 45 03,7 -43 35 53 391 ± 2 4,43 12,7
NGC 59 SA(rs)0 00 15 25,1 -21 26 40 362 ± 10 5,30 13,1
UGCA 442 SB(s)m 23 43 45,5 -31 57 24 267 ± 2 4,27 13,6
UGCA 438 IB(s)m 23 26 27,5 -32 23 20 62 ± 5 2,23 13,9
PGC 1038 E3 00 15 31,4 -32 10 47 1,92 14,9
PGC 72675 IB(s)m 23 52 02,8 -52 34 40 576 ± 5 6,40 15,0
IC 1574 IB(s)m 00 43 03,8 -22 14 49 363 ± 4 4,92 15,1
UGCA 015 IB(s)m 00 49 49,2 -21 00 54 295 ± 0 3,34 15,2
PGC 621
(Irreg, Sculptor-Zwerggalaxis)
IBm 00 08 13,3 -34 34 42 221 ± 6 4,10 15,5
PGC 1641 dS0/Im 00 26 33,4 -41 51 19 117 ± 5 1,92 15,6
PGC 2881 IABm 00 49 20,9 -18 04 32 3,40 16,5
PGC 2933 IAB(s)m pec 00 50 24,3 -19 54 24 3,42 16,6
Sculptor-dE1 dE 00 23 51,7 -24 42 18 4,21 16,9
PGC 69468 E3 22 40 43,9 -30 48 00 17,4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie