Sean McCormack

Vu Wikipedia

De Sean McCormack, gebuer an Irland, ass e Regisseur vun Animatiounsfilmer. Hie schafft zu Lëtzebuerg an zu London.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Sean McCormack ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Hien huet Grafikdesign am Lycée des arts et métiers geléiert an duerno bis 2008 Animatiounsproduktioun op der englescher Universitéit vu Bournemouth studéiert.[1]

2015 ass de Film Ooops! Den Noah ass fort rauskomm, fir deen hien de Co-Regisseur war. Beim Erfurter Deutsches Kinder-Medien Festival 2015 krut dee Film de "Gëllene Spatz" als beschten Animatiounsfilm.[2] E gouf an 170 Länner verkaaft[3] an huet international méi wéi 22 Milliounen US-Dollar agespillt.[4] Duerno huet hie säin éischten eegene Kuerzfilm gemaach, The Light Eater, fir deen hien och d'Dréibuch geschriwwen huet. Dee gouf ënner anerem fir d'Nuits en Or vun de César-Präisser ausgewielt.

Mat der franséischer Fernseeserie aus 35 Episoden La Bible, les récits fondateurs huet hien 2016 weider Erfarung als Regisseur gesammelt.

2018 ass säi Film Meng Kollegen aus dem All erauskomm, an zwee Joer méi spéit de Successeur vun Ooops! mam Titel Ooops! Finny, wou bass de?.

Animatiounsfilmer als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Websäit[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie op luxfilmfest.lu (gekuckt den 3. Juli 2022)
  2. wort.lu: Goldener Spatz für "Ooops! Die Arche ist weg" (8. Juni 2015)
  3. abendblatt: "Ooops! 2": Tim Mälzer alswortkarges Nilpferd vum Volker Behrens (23. September 2020)
  4. Statistik op boxofficemojo.com