Op den Inhalt sprangen

Seasat

Vu Wikipedia
Seasat
De Fuerschungssatellit Seasat
TypÄerdobservatiounssatellit
Land USA
AgenturNASA
COSPAR-Bezeechnung1978-064A
Apogeum799 km
Perigeum769 km
Bunnschréi108°
Mass2300 kg
Bunn-Ëmlafzäit100,7 min
Exzentrizitéit
Start27. Juni 1978, 01:12 UTC
StartplazVandenberg SLC3-W
DrorakéitAtlas F / Agena D 23F
Statusausser Betrib zanter 10. Oktober 1978
De Seasat mat Beschrëftung

De Seasat war den éischten Äerdobservatiounssatellit vun der NASA fir d'Erfuersche vun de Mierer. De 27. Juni 1978 gouf den 2300 kg schwéiere Satellit mat enger Atlas Agena D vun der Vandenberg Air Force Base op eng 769 km × 799 km héich Ëmlafbunn mat 108° Equatorschréi gestart. Wéinst engem Kuerzschluss am Satellit den 10. Oktober 1978, blouf en nëmmen 105 Deeg am Asaz.

Dee vum Jet Propulsion Laboratory entwéckelte Seasat sollt d'Benotzbarkeet vun Technologië fir d'Äerdfuerschung demonstréieren, déi bis dohin nëmme fir interplanetar Raumsonde benotzt goufen. D'Missioun bestoung aus fënnef Experimenter: engem Radar-Altimeter, engem Mikrowelle-Scatterometer, engem Mikrowelleradiometer, engem Radiometer am Beräich vum visuellen an infraroudem Liicht souwéi fir d'éischt bei engem Äerdfuerschungssatellit e Synthetic Aperture Radar (L-Band, Wellelängt/Frequenz: 23,5 cm/1,275 GHz als Haaptinstrument. Seasat war domat e Pionéier fir Missioune wéi TOPEX/Poseidon, QuikSCAT oder Jason. Eng verbessert Versioun vum Radaraltimeter gouf op dem Geosat gestart.

De Seasat hat ënner dem Urwald vu Guatemala d'Kanäl, déi de Mayaen d'Landwirtschaft fir d'Versuergung vun hire grousse Stied erméiglecht hat, entdeckt .[1] De Seasat konnt och déi vu gedauchten U-Booter fabrizéiert Welle mat sengem SAR-Radar noweisen.[2]

Portal Astronomie

Foto vu Los Angeles

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. B. Stanek: Raumfahrtlexikon, Halwag Verlag, Bern (1983), ISBN 3-444-10288-7 Seite: 254 - 255
  2. William J. Broad: U.S. Loses Hold on Submarine-Exposing Radar Technique, New York Times, 11. Mee 1999 Online