Methansaier

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Seechomessesaier)
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Methansaier
Methansaier
Systemateschen Numm (IUPAC) Methansaier
Trivialen Numm *Seechomessesaier *Frmylsaier *Formalinsaier *Hydrocarbonsaier
Cheemesch Formel CH2O2
Ausgesinn / Geroch keng Faarf, richt schaarf
Eegenschaften
Dicht 1,22 g/cm³
Léislechkeet gutt léislech am Waasser an am Ethanol, Glycerin
Molmass 46,03 g/mol
Schmëlzpunkt 8 °C
Kachpunkt 101 °C
Thermodynamesch Daten
Weideres

Methansaier (och Seechomessesaier genannt) ass eng Saier déi vu verschiddene Liewewiese benotzt gëtt fir sech ze verdeedegen. D'Saier brennt, huet keng Faarf a se ass am Waasser léislech. Se gehéiert zu de Carbonsaieren. Hir cheemesch Formel ass HCOOH an ass deemno déi Carbonsaier déi am einfachsten ass.

De brittesche Cheemiker John Ray huet d'Saier als éischten am Joer 1671 entdeckt, wéi en se aus de Seechomessen isoléiert huet (dohier huet se den Numm). Hautdesdaags gëtt d'Seechomessesaier net méi aus Seechomesse gewonnen, mä se gëtt cheemesch hiergestallt.

De mënschleche Kierper kann d'Saier ofbauen, mä ze grouss Quantitéite kënne fir de Kierper schiedlech sinn.

Verwendung[änneren | Quelltext änneren]

Methansaier gëtt als Konservéierungsmëttel fir Uebst a Geméis benotzt. D'Saier ass och ënner der E-Nummer E236 bekannt. Zanter 1998 ass se an der EU verbueden, just an der Schwäiz gëtt se nach viru benotzt.

An der Textilindustrie gëtt d'Saier benotzt fir Textilien a Lieder z'impregnéieren (~ schützen).

Am allgemenge fënnt een d'Saier a villen Desinfektiounsmëttelen, well se Bakteerien dout mécht. Beienziichter benotze se deemno fir d'Beie viru verschiddene Viren ze schützen.