Op den Inhalt sprangen

Seemillen (Koplescht)

Vu Wikipedia
Seemillen
Schmitzmillen
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Koplescht
Buergermeeschter Thierry Schuman
Koordinaten 49° 40’ 24.899’’ N
      06° 04’ 56.677’’ O

D'Seemille war eng Millen zu Koplescht, déi och nach Schmitzmillen genannt gouf. Se war vun 1864 bis 1903 a Betrib. Se gouf vum Mëller Heinrich Schmitz (1836-1895) a vu sengem Jong Johann-Peter Schmitz (1873-1955) bedriwwen. D'Mille läit um Enn vun der Rue Schmitz. Haut ass d'Haus vun der fréierer Mille mat der Hausnummer 69 nach bewunnt.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm „Seemillen“ kënnt vum Flouernumm "bei der Seemillen". Den Numm kënnt wuel aus dem 17. Joerhonnert oder nach éischter, wou hei eng Mille stoung fir ze seeën. Vun dëser Millen gëtt et awer keng Spuere méi. Am Urkataster vun 1824 gëtt dës Géigend "bei der Segmühlen", resp. "auf der Mültchen" genannt.

D'Seemillen ass ëm d'Joer 1863-64 entstanen a louch um Enn vun der deemoleger Schoulstrooss, déi an den 1930er Joren a Schmitzstrooss ëmbenannt gouf. Den 28. Februar 1864 huet den Heinrich Schmitz d'Geneemegung vun der Kopleschter Gemeng kritt, fir eng Käremillen ze bauen an ze bedreiwen. D'Millen hat d'Form vun engem Laanghaus vun 19,00 m Längt op 9,10 m Breet.

Hannert dëser Mille stoung tëschent 1869 an ëm 1900 eng zweet méi kleng Käremillen vu 7,40 op 4,40 m. No 1900 huet en neit Gebai dëst ersat, dat dann an den 1970er Joren ofgerappt gouf.

An dësen zwou Mille gouf Miel produzéiert. D'Mille goufen net mam Waasser vun der Mamer bedriwwen, mä duerch Quellewaasser, dat a Weiere gespäichert gouf. Iwwer eng Waasserschleis huet dat opgestaut Waasser d'Millerad ugedriwwen.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert war Stad Lëtzebuerg op der Sich no Quellen an huet d'Waasserrechter op alle Quelle ronderëm d'Stad opkaaft. Mat de Suen, déi de Johann-Peter vum Verkaf vun de Waasserrechter krut, huet hien d'Aansebuerger Bannmillen gepacht an 1922 op enger ëffentlecher Stee d'Donckelsmillen, eng Bannmillen zu Mäertert, kaaft.

  • Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Aufl. 800 S. Christnach: E. Borschette; Luxembourg: Impr. Saint-Paul, Luxemburg.
  • André Anen, Jos Junck, 2019, Tal der Mühlen - Die Seemillen, Koplescht – fréier an hott, Heft 22, S. 4 - 16.