Seikilos-Lidd
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

D'Seikilos-Lidd, och nach Seikilos-Epitaph oder Lidd vun Tralles genannt, ass eng algriichesch Inscriptioun. Et ass déi eelst bekannt vollstänneg erhale Musekskompositioun, inklusiv der Museksnotatioun.
D'Inscriptioun gouf 1883 op enger Marmersail fonnt, déi aus der algriichescher Stad Tralles, haut Aydın an der aktueller Tierkei, staamt. Den Epitaph ass nom Seikilos genannt, deen d'Inscriptioun fir e verstuerwene Familljemember hierstelle gelooss huet. D'Sail gouf op den Zäitraum tëschent dem 1. an dem 2. Joerhonnert datéiert.
Inscriptioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Inscriptioun besteet aus zwee Gedichter, engem elegeschen Distichon an engem Lidd mat Gesangsnotatiounszeechen.


Distichon
[änneren | Quelltext änneren]Den elegeschen Zweezeiler steet iwwert dem Lidd op der Sail:
ΕΙΚΩΝ Η ΛΙΘΟΣ / ΕΙΜΙ ∙ ΤΙΘΗΣΙ ΜΕ / ΣΕΙΚΙΛΟΣ ΕΝΘΑ / ΜΝΗΜΗΣ ΑΘΑΝΑΤΟΥ / ΣΗΜΑ ΠΟΛΥΧΡΟΝΙΟΝ
Iwwersetzung op Lëtzebuergesch:
Ech sinn e Bild aus Steen, an de Seikilos richt mech hei op, an éiweger Erënnerung, als laangwieregt Monument.
Lidd
[änneren | Quelltext änneren]Den Text vum Lidd steet als nächst ënner dem Zweezeiler:
ΟΣΟΝ ΖΗΣ ΦΑΙΝΟΥ / ΜΗΔΕΝ ΟΛΩΣ ΣΥ / ΛΥΠΟΥ ΠΡΟΣ ΟΛΙ / ΓΟΝ ΕΣΤΙ ΤΟ ΖΗΝ / ΤΟ ΤΕΛΟΣ Ο ΧΡΟ / ΝΟΣ ΑΠΑΙΤΕΙ
Iwwersetzung op Lëtzebuergesch:
Esou laang s de liefs, glänz drop lass! Op kee Fall solls de Trauer droen! Fir nach eng Zäitche liewen, liewen; Schluss ass wann d'Zäit esou wäit ass.
Transcriptioun
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer de Wierder vum Lidd sti Buschtawen an Zeechen déi d'Melodie vum Lidd undeiten.

