Sekundärkrater

Vu Wikipedia

Als Sekundärkratere ginn an der Astronomie an an Planetologie kleng Aschlagkrateren op engem Planéit oder Mound bezeechent, déi bei engem groussen Impakt als Nieweprodukt entstinn.

Entstoe vun engem Krater mat zentraler Rankstruktur

Si kënnen zwou Ursaachen hunn:

  1. erausgeschleidert Impakt- oder Gestengsbléck wärend dem Aschlag
  2. d'Zerplatze vum groussen Aschlagkierper an en ettlech Deeler kuerz virum Opschlag.

Op Mounden an Himmelskierperen ouni Gasmantel kënnt bal nëmmen déi éischt Ursaach a Fro. Beim Duerchdrénge vun enger Atmosphär sinn dogéint d'Virgäng méi villsäiteg:

  • Kleng Meteoritten, déi z. B. d'Äerd treffen, vergléien oder zerplatzen a groussen Héichten
  • Mëttelgrouss Objeten erhëtze sech eréischt méi spéit an zerplatzen doduerch an niddregen Héichten. Duerch déi kleng Brochstécker entsti Sekundärkrateren a verdeele sech ganz zoufälleg am Ëmkrees
  • Méi grouss Objete vun 100 Tonnen un, gi vum Loftwidderstand eréischt spéit ofgebremst an erreechen d'Äerduewerfläch - jee no ursprénglecher Bunn am Sonnesystem - mat 10 bis 70 km/s. Beim Opprall drénge s'an d'Gestengs a verdämpen direkt. D'Material ronderëm gëtt ewechgesprengt a formt e kreesronnen Explosiounskrater, onofhängeg vum Aschlagwénkel. Dat erausgeworfend Material formt ëm den neie Krater déi sougenannt Ejektafläch. Wa méi grous Bätz dobäi sinn, da forme sech och Sekundärkrateren. Dës Situatioun ass am Bild an der Mëtt riets ze gesinn.

Bei ville Brochstécker kënnen och kleng Kraterreien entstoen.

Literatur a Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Univ. Florenz: Das große Buch der Astronomie, Kaiser-Verlag, Klagenfurt 2004
  • Eugene Shoemaker, Margit Röser: Kollision fester Körper, Kapitel 4 in K.Beatty et al, Die Sonne und ihre Planeten. Physik-Verlag, Weinheim 1983
  • J.Pohl, H.Gall: Bau und Entstehung des Ries-Kraters. Geologica Bavarica, Vol. 76, Munich, 1977
  • Zur Skizze: User Vesta (2005) und R.Hüttner, H.Schmidt-Kaler, Die Geologische Karte des Rieses 1:50 000, mit Erläuterungen zur Entstehung des Kraters. Geologica Bavarica, Vol. 104, Munich, 1999.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie