Sender vu Beidler

Vu Wikipedia
Sender vu Beidler

De Sender vu Beidler ass ee Laangwellesender vun RTL. E steet tëscht Bruch a Beidler laanscht d'Beidlerbaach um Flouer genannt Lee an am Bruch op enger Héicht vun 265 m (NG-L).

Geographesch Koordinaten: 49° 43’ 58’’ N 06° 19’ 08’’ O

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972 Éischt Laangwellesendunge mat 1400 kW
  • 1974 D'Anlag gëtt op 2000 kW verstäerkt
  • 1981 Eng nei Noutstroumanlag kënnt bäi
  • 1994 Eng nei 2000 kW Installatioun mat zwéin THOMSON-CSF TRE 2175 Senderen

Am Oktober 2022 huet RTL bekannt gemaach, dass d'Ausstralungen op der Laangwell den 31. Dezember 2022 géifen ophalen.[1] Als Grond goufen den CO2-Bilan an déi héich Energiekäschte genannt.[2] Esou kéinte 6000 MWh pro Joer gespuert ginn.[3] Schlussendlech gouf nach bis an den 1. Januar 2023 eragesendet, bis um 1:00 Auer endgülteg ofgeschalt gouf. Zu deem Zäitpunkt ass et nach onkloer, wat mat mam Sender an den Antenne geschéie soll.

Sendanlag[änneren | Quelltext änneren]

    • 2 Thomson-CSF TRE 2175 MES jiddweree mat enger Ausgangsleeschtung vun 1000 kW.
    • 2 Thomson-CSF TRE 2170 jiddweree mat enger Ausgangsleeschtung vun 1000 kW
  • Frequenz: 234 kHz

Masten[änneren | Quelltext änneren]

  • 3 afgespaante stole Gittermaste vun enger Héicht vun 290 m

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Herzog, Marc, 1999. Der Sender. nos cahiers - Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. Nr. 3 (1999), S. 181-198.
  • Herzog, Marc & Eugène Muller, s.d. [2006]. Der Sender (RTL). In: Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg, 264 S.: S. 79-85.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sender vu Beidler – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. RTL-Langwelle 234 kHz endet am 31. Dezember. 2022-11-04
  2. RTL cessera sa diffusion en Grandes Ondes à partir du 1er janvier 2023. 2022-11-04.
  3. RTL Paris abandonne définitivement les longues ondes. 2022-10-15.