Sender vu Jonglënster

Vu Wikipedia
Sendemaste vu Jonglënster

De Sender vu Jonglënster ass eng Anlag, déi 1932 vu Radio Lëtzebuerg opgeriicht gouf.

D'Maste vun der Anlag an d'Leeschtung goufen am Laf vun de Joren e puermol verännert, an haut ass se nach haaptsächlech do, fir am Fall vun enger Noutsituatioun bei aneren Anlage vun RTL als Ersatz anzesprangen.

D'Masten, déi een haut gesäit, hunn eng Héicht vun 215 Meter a si sti bausst Jonglënster laanscht d'Iechternacher Strooss (Nationalstrooss 11) op enger Héicht vun 356 m op der Kopp déi Bichel heescht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1932, ee Joer no der Grënnung vun der Compagnie luxembourgeoise de radiodiffusion (CLR), goufen déi dräi 180 m héich Masten opgeriicht an de 15. Mäerz 1933 a Betrib geholl, andeems doriwwer Sendungen an Englescher a Franséischer Sprooch ausgestraalt goufen. Et war deemools dee stäerkste Langwellesender an Europa.

Am Zweete Weltkrich huet de Jonglënster Sender zum Großdeutscher Rundfunk gehéiert. No der Befreiung vu Lëtzebuerg, hunn d'Amerikaner de Sender kuerzzäiteg – vun Abrëll bis November 1945 – fir Propaganda a Richtung vun den Däitsche benotzt. Duerno huet d'CLR de Sender awer nees selwer gebrauche kënnen.

1954 goufen zwéin zousätzlech Gittermaste vu jee 250 m opgeriicht, absënns fir besser a Richtung Süden, bis op déi franséisch Mëttelmierküst senden ze kënnen.

No an no gouf d'Leeschtung vun der Anlag bis 1960 op 750 kW erop gesat.

D'Stäerkt mat där vu Jonglënster aus gesent gouf, huet e Phenomeen bewierkt, dat méi spéit als „Lëtzebuerg-Effekt” am Fachjargon vun der Radiotechnik bekannt gouf: d'Tatsaach datt een a rouege Momenter op engem Laang- oder Mëttelwellesender am Hannergrond en anere Programm héiere kann, obwuel béid Senderen op anere Frequenze senden.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg-Effekt.

Vu Jonglënster aus sinn 1955 den éischten Tëleesprogramm, 1957 den RTL Programm op Däitsch an 1959 deen op Lëtzebuergesch ausgestraalt ginn.

Déi dräi ursprénglech Maste goufen demontéiert nodeems déi zwéin nei vun 1954 a Betrib waren. 1959 koum nach en Drëtte vum selwechte Modell derbäi. Wéinst ze grousse Schwéngungen, sinn d'Masten 1983 vun 250 m op 215 m gekierzt ginn, da zu enger Zäit an där se just nach als Reserv fungéiert hunn an nëmmen nach geleeëntlech a Betrib waren.

2020 huet den RTL Group zesumme mat der Enovos ronderëm dem Site vu Jonglënster e Solarpark fir d'Produktioun vu Stroum iwwer Photovoltaik opgeriicht.

Technesch Detailer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1 Sender vun 234 kHz - 1200 kW (Als Hëllef fir de Sender vu Beidler)
  • 1 Sender vu 6090 kHz - 500 kW (inaktiv)
  • 1 Sender vu 15350 kHz - 10 kW (inaktiv)
Chronologie vum Sender
Joer Laangwell Mëttelwell Kuerzwell UKW Verännerungen
1932 150 kW - - - Bau vun der Anlag an éischt LW-Sendunge mat engem CHIREIX Sender
1939 - - 6 kW - Éischt Kuerzwelle-Sendungen
1951 250 kW - - - De Laangwelle-Sender gëtt verstäerkt
1952 - 150 kW - - Éischt Mëttelwelle-Sendungen
1953 - - 50 kW - En zweete Kuerzwelle-Sender kënnt bäi
1954 500 kW - - - Installatioun vun engem zweete Laangwelle-Sender
1954 - - - - Déi zwéin éischt Gittermaste ginn opgeriicht (Héicht 250 m)
1955 - 0 - - D'Mëttelwell gëtt op Maarnech verluecht
1959 - - - 12 kW Een UKW-Sender fir 92.5 MHz gëtt a Betrib geholl
1959 - - - - Den drëtte Gittermast gëtt gebaut
1960 750 kW - - - Deen drëtte Laangwelle-Sender geet a Betrib
1964 1000 kW - - - Den éischte Laangwelle-Sender vu 1932 gëtt duerch en neie vu 600 kW ersat
1970 - - 250 kW - Installatioun vun engem TELEFUNKEN-Kuerzwellesender. Déi zwéi vu 6 an 50 kW ginn ofgeschalt awer a Reserve gehalen
1971 - - 500 - Installatioun vun engem zweeten TELEFUNKEN-Sender
1971 - - - 0 Den UKW gëtt op Housen verluecht
1973 - - 500 + 50 - Den ale 50 kW Kuerzwellesender (deen 1970 ofgeschalt gouf) gëtt erëm mat 15.350 kHz a Betrib geholl
1976 - - 500 + 10 - De 50 kW Sender gëtt nees ofgeschalt (bleift an der Reserve) a gëtt duerch een neien 10 kW ersat
1983 - - - - Déi dräi Gittermaste gi vun 250 m bis op 215 m gekäppt
1987 1200 kw - - - Den zweete Laangwelle-Sender (vun 1954) gëtt ofgerappt an duerch e neien 600 kW THOMSON-Sender ersat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sender vu Jonglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien