Op den Inhalt sprangen

Serbeschen Dinar

Vu Wikipedia

De serbeschen Dinar (RSD) ass zanter dem 4. Februar 2003 déi offiziell Wärung vu Serbien.

1 Dinar ass an 100 Para ënnerdeelt.

Den éischte serbeschen Dinar gouf 1214 vum Kinnek Stefan Nemanjić agefouert.

Bis 1999 gouf a béiden Deelrepublicke vu Jugoslawien, Serbien a Montenegro, nach de jugoslaweschen Dinar benotzt. Dee gouf 2000 am Montenegro mat der däitscher Mark, an 2003 a Serbie mam serbeschen Dinar ersat.

Zanter 2013 ginn et keng gëlteg Para-Mënze méi.

Billjeeën am Ëmlaf

[änneren | Quelltext änneren]

Op den éischte Billjeeën (2000, 2001 an 2002) steet nach d'Landbezeechnung "Jugoslawien" drop, zanter 2003 gi se vun der serbescher Nationalbank erausginn. Billjeeë mat der aler Bezeechnung „Narodna Banka Jugoslavije“ sinn zanter dem 1. Januar 2007 ongëlteg.

Op der Récksäit sinn am Waasserzeeche verschidde Spigelvarianten. D'„jugoslawesch“ Billjeeë weisen en einfachen duebelen Aadler, déi Ausgaben déi méi spéit erauskoumen, einfach nach e stiliséiert „Duebelen-Б“. Den aktuelle Sigel (duebelen Aadler virun engem gekréinten Hermelinmantel) gouf tëscht 2005 an 2010 agefouert an 2011 erëm iwwerschafft.

Recto Verso Wäert Portrait Joer Joer
10 dinara Vuk Stefanović Karadžić 2000 2006, 2011, 2013
20 dinara Petar II. Petrović-Njegoš 2000 2006, 2011, 2013
50 dinara Stevan Stojanović Mokranjac 2000 2005, 2011, 2014
100 dinara Nikola Tesla 2000, 2003, 2004 2006, 2012, 2013
200 dinara Nadežda Petrović 2001, 2005 2011, 2013
500 dinara Jovan Cvijić 2004, 2007 2011, 2012
1000 dinara Georg Weifert 2001, 2003Schabloun:FN 2006, 2011
2000 dinara Milutin Milanković 2011 2011, 2012
5000 dinara Slobodan Jovanović 2002, 2003 2010
Commons: Serbeschen Dinar – Biller, Videoen oder Audiodateien