Serge Tonnar & Legotrip

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Serge Tonnar & Legotrip
Serge Tonnar & Legotrip at Belval 2014-07-04.JPG
Genre: Popmusek-Rock
Säit am Web: www.legotrip.lu
Memberen
Gesank, Gittar: Serge Tonnar
Keyboard: Eric Falchero
Bass: Rom Christnach
Batterie: Misch Feinen
Fréier Memberen
Batterie, Perkussioun: Jorsch Kass

Serge Tonnar & Legotrip ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp ëm de Sänger Serge Tonnar, deen och d'Texter schreift. Aner Membere sinn den Eric Falchero (Keyboard), de Rom Christnach (Bass) an de Misch Feinen (Batterie).

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

2003 ass der Grupp hiren éischten Album Legotrip erauskomm. Gréissere Succès hate si 2011 mam Album Klasseklon. Déi éischt Single dovun, Crémant an der Chamber, hëlt dem deemolge Chamberpresident Laurent Mosar seng Ausso op d'Schëpp, datt och d'Deputéiert géife spueren andeem si kee franséische Champes méi, mee just nach Lëtzebuerger Crémant géifen drénken.[1].

Als Titellidd fir d'Sitcom Weemseesdet hu Serge Tonnar & Legotrip 2011 Wat den Noper seet opgeholl. D'Joer drop ass nach d'Single Diskothéik an de Livealbum Legolive erauskomm, an d'Grupp ass op de Bopebistro-Tour a Caféen uechtert d'Land gaangen. Vun dëser Tournée koum 2013 e Buch, an 2014 en Documentaire (De Bopebistro Tour, vum Yann Tonnar) eraus.

En drëtte Studioalbum mam Titel Hämmelsmarsch gouf am Oktober 2013 verëffentlecht. Éischt Single war d'Lidd Ech si Lëtzebuerg. Kuerz drop ass Déi kleng Chamber (Live am Bistrot de la Presse) als digital Single erausbruecht ginn. Dëst Duett mam Fernand Fox ass eng Reprise vum Fox sengem Lidd aus den 1970er Joren, dat selwer eng Parodie a Coverversioun vum Pierre Kartner sengem Schlager In 't kleine café aan de haven vun 1976 war.

Den Album Vill Harmonie ass eng Kompilatioun vu fréiere Stécker, nei agespillt zesumme mam Orchestre philharmonique du Luxembourg. 2017 koum den Studioabum Bommeleeër Buddha eraus.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Legotrip
  • 2011: Klasseklon
  • 2012: Legolive (Livealbum)
  • 2013: Hämmelsmarsch
  • 2015: Vill Harmonie
  • 2017: Bommeleeër Buddha

Singlen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Kossovomoss (nëmme Radiosingle)
  • 2010: Crémant an der Chamber
  • 2011: Belsch Plaasch (nëmme Radiosingle)
  • 2011: Wat den Noper seet
  • 2012: Diskothéik
  • 2012: Laksembörg-Sitti (nëmme Radiosingle)
  • 2013: Ech si Lëtzebuerg
  • 2013: Déi kleng Chamber (Live am Bistrot de la Presse)
  • 2013: Den Hit op RTL (nëmme Radiosingle)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Serge Tonnar & Legotrip – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. land,lu: CD Klasseklon von Serge Tonnar - Vun der Long op d'Zong (2. Juni 2011; gekuckt de 17. Januar 2014)