Siwe Sommeten
D'Siwe Sommeten (Englesch: Seven Summits) sinn déi jeeweils héchst Bierger op all de siwe Kontinenter. Ofhängeg vun der Definitioun vun de Grenze vun Europa an Australie mam asiatesche Kontinent falen ënnerschiddlech Bierger an dës Definitioun; domat gëtt et op d'mannst néng Sommeten déi a Fro kommen.
Fir d'Biergsteiger ass et eng speziell Erausfuerderung fir op all Siwe Sommeten eropzeklammen. Wéi den Amerikaner Dick Bass den 30. Abrëll 1985 op de Mount Everest geklommen ass, war hien den Éischten, deen op all Siwe Sommeten eropgeklomme war, woubäi hien de Mount Kosciuszko, als den héchste Bierg um australesche Festland, an d'Lëscht opgeholl huet („Bass Lëscht“). De Südtirouler Biergsteiger Reinhold Messner huet eng alternativ Lëscht presentéiert an huet – am Aklang mat enger wäit verbreeter geographescher Vue iwwer d'Ausdeenung vum australesche Kontinent – de Puncak Jaya op der Insel Neiguinea zu de Siwe Sommete gezielt („Messner Lëscht“). De Kanadier Patrick Morrow war den Éischten, deen dës vill méi schwiereg Variant de 5. August 1986, véier Méint virum Messner, fäerdeg bruecht huet.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Iddi fir op all Kontinent op de jeeweils héchste Bierg ze kloteren, ass eng alpin Erausfuerderung, a kann net enger eenzeger Persoun zougeschriwwe ginn. Vill Biergsteiger hunn zu dëser Entwécklung bäigedroen, an déi éischt bedeitend Erfolleger ginn op d'Mëtt vum 20. Joerhonnert zeréck.
Den Éischten, deen op all fënnef kontinentale Sommete geklommen ass, war den amerikanesche Biergsteiger William Hackett (1918–1999) am Joer 1956. Hie war en erfuerenen Expeditiounsbiergsteiger a war op e puer Sommeten den Éischten deen uewen ukomm ass, dorënner de Mount McKinley West Buttress (1951). Bis 1956 war hien op de Mount McKinley (1947), den Aconcagua (1949), de Kibo (1950), de Mount Kosciuszko (1956) an de Mont Blanc (1956) geklommen. Senger Lëscht no, war de Mont Blanc den héchste Bierg an Europa. Den Hackett hat Pläng fir op de Sommet vum Mount Everest ze klammen, koum awer net méi dozou. Hie koum nëmmen op fënnef vun de Siwe Sommeten.
Op de selwechte Score wéi den Hackett koumen de Japaner Naomi Uemura (1941–1984): 1966: Mont Blanc a Kibo, 1968 Aconcagua, 1970 Mount Everest a Mount McKinley grad ewéi de Schwäizer Dölf Reist (1921–2000).
1978 war de Reinhold Messner den Éischten deen op sechs vun de Siwe Sommete war, dorënner, nieft dem Mont Blanc, de Puncak Jaya (1971), den Aconcagua (1974), de Mount McKinley (1976), de Kibo (1978) an de Mount Everest (1978). 1983 ass en nach op de Mount Kosciuszko geklommen, fir och déi alternativ Definitioun um australesche Kontinent (Bass-Lëscht) z'erfëllen. Am selwechte Joer goung et dunn nach op de Elbrus, deen en duerno – a sengen Aen – als héchste Bierg an Europa deklaréiert huet. Am Dezember 1986 ass hien op säi siwente Sommet, de Mount Vinson geklommen. Zu deem Ament war hien de fënnefte Biergsteiger, deem dat gelonge war.
Den amerikanesche Geschäftsmann a Biergsteiger Richard „Dick“ Bass an e Bekannten, de Geschäftsmann a President vu Warner Bros. Frank Wells hunn uganks vun den 1980er Joren decidéiert, bannent engem Joer (1983) op all Siwe Sommeten ze kloteren; schlussendlech hu s'et fäerdeg bruecht fir op sechs vun de siwen eropzeklammen: Aconcagua, Mount McKinley, Kibo, Elbrus, Mount Vinson a Mount Kosciuszko.
Den 30. Abrëll 1985 koum de Bass dunn, zesumme mam Filmregisseur David Breashears an dem Ang Phurba Sherpa, um Sommet vum Everest un. De Bass war domat den Éischten, deen d'Siwe Sommeten ofgeschloss huet, ee Joer virum Messner.
Definitioun
[änneren | Quelltext änneren]Den Ausdrock „Seven Summits“ baséiert um urspréngleche geographesche Konzept, no deem d'Landmassen vun der Äerd aus siwe Kontinenter bestinn: Afrika, d'Antarktis, Asien, Australien, Europa, Nordamerika a Südamerika.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kontinent.
Wéinst verschiddenen Interpretatioune vun de Kontinentalgrenzen – aus geographescher a geopolitescher Perspektiv – gëtt et verschidde méiglech Definitioune vun de Siwe Sommeten, fir déi d'Grenze vun Europa an Australie relevant sinn.
Europa
[änneren | Quelltext änneren]Fir festzehalen, wéi e Bierg an Europa den héchsten ass, hänkt et dovun of, wou déi bannenzeg eurasesch Grenz festgeluecht gëtt. Et gëtt weeder eng kloer geographesch nach eng allgemeng akzeptéiert historesch oder international juristesch Definitioun dofir. Et gëtt d'Theorie, no där d'Grenzlinn duerch de Manytschbaseng, nërdlech vum Kaukasus leeft, iwwerdeems anerer éischter den Haaptkamp vum Grousse Kaukasus, also d'Waasserscheed tëscht senger nërdlecher a südlecher Flank, gesinn.
Der éischter Versioun no ass de Mont Blanc an den Alpen (4.805 Meter) den héchste Bierg an Europa. Dës Vue war an Europa bis zum Enn vum 18. Joerhonnert onëmstridden. Wann een déi zweet Versioun unhëlt, gëtt et nërdlech vum Haaptkamp aacht Kaukasus-Sommeten déi méi héich wéi de Mont Blanc sinn. An deem Fall ass den Elbrus (5.642 Meter) den héchste vun dëse Sommeten a vum ganze Kaukasus, och den héchste Bierg an Europa. Op d'mannst an de Biergsteigerkreesser gëtt dës Theorie privilegiéiert.
Australien
[änneren | Quelltext änneren]D'Situatioun ass méi komplizéiert wat Australien ugeet: déi héchst Plaz vu Kontinentalaustralien ass de Mount Kosciuszko mat 2.228 Meter. Heiansdo gëtt och alt de Vulkan Big Ben op der Heard-Insel genannt, déi wuel zum Staat Australie gehéiert, awer wäit ewech vun der Landmass am südlechen Indeschen Ozean läit. Deem säin héchste Punkt, de Mawson Peak, ass mat 2.745 Meter méi héich wéi de Mount Kosciuszko. Wann een Australien an Neiséiland als Eent kuckt, ass den Aoraki/Mount Cook mat 3.724 Meter nach méi héich wéi déi zwee virdru genannte Bierger.
Geographesch zielen zum australesche Kontinent awer och nach d'Inselen Tasmanien an Neiguinea virun der australescher Küst. Op Neiguinea läit de Puncak Jaya (och Carstensz-Pyramid genannt, fréier Djala Peak). En ass 4.884 Meter héich an domat déi héchst Plaz um australesche Kontinent.
Aus kulturellen a politesche Grënn gëtt Australien zesumme mat den aneren Inselstaaten am Pazifik ënner dem Numm Ozeanien zesummegefaasst. De Puncak Jaya gehéiert zum Staat Indonesien a läit deemno, politesch gesinn, éischter an Asien. Wann een d'Grenz politesch zéie géif, wier de Mount Wilhelm, dee mat 4.509 Meter den héchste Bierg a Papua-Neuguinea ass, och den héchste Bierg vun Ozeanien. D'Iddi fir de Mount Wilhelm zu de Siwe Sommeten ze zielen, krut awer bis elo wéineg Ënnerstëtzung.
Lëschte vum Bass a Messner
[änneren | Quelltext änneren]Den Dick Bass huet déi éischt Lëscht vun de Siwe Sommeten opgestallt; se begräift nieft dem asiatesche Mount Everest, de südamerikaneschen Aconcagua, den nordamerikaneschen Denali (fréier: Mount McKinley), den afrikanesche Kibo (ëmgangssproochlech Kilimanjaro), den antarktesche Mount Vinson, den Elbrus fir Europa an de Mount Kosciuszko um australesche Kontinent.
De Reinhold Messner huet eng Géigepropos gemaach an de Kosciuszko mam Puncak Jaya ersat. Aus der Siicht vun den Alpinisten ass dës Propos eng méi grouss Erausfuerderung, well et weesentlech méi usprochsvoll ass op de Puncak Jaya ze klamme wéi op de Kosciuszko.
Iwwersiicht
[änneren | Quelltext änneren]Kaart
[änneren | Quelltext änneren]
Op jidder Fall sinn an der Lëscht: Aconcagua (1), Denali (2), Mount Everest (3), Kibo (4) a Mount Vinson (5).
Fir Australien ginn zwéi Sommete berécksiichtegt: Mount Kosciuszko (6) a Puncak Jaya (7).
Fir Europa ginn zwéi Sommete berécksiichtegt: Mont Blanc (8) an Elbrus (9).
D'Faarwe weisen Héichten iwwer dem Mieresspigel un. Giel: bis zu 1000 m, orange: bis zu 2000 m, rout: bis zu 5000 m, gro: méi héich.
Déi follgend néng Bierger ginn zu de Siwe Sommete gezielt, ofhängeg vun hirer Definitioun. D'Kolonnen DB (Dick Bass), RM (Reinhold Messner) a WH (William Hackett) weisen, wat fir Bierger a wiem senger Lëscht abegraff sinn.
A Gëtt vu Chile revendiquéiert, awer nëmme wéineg Staate stellen territorial Uspréch un d'Antarktis
B fréier Mount McKinley

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Siwe Sommeten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) 7summits.com
- (en) Seven Summits bei summitpost.org.
- (en) The (Eleven) Seven Summits bei 8000ers.com.
- (de) Was sind die „Seven Summits“? Die sieben Riesen auf einen Blick op bergleben.de







