Sexologie
Sexologie oder Sexuologie ass en interdisziplinäert a souwuel theoreetescht wéi och praktescht Wëssenschaftsgebitt, dat sech am spezielle mat der Erfuerschung vun der Sexualitéit, dem Geschlechtsliewen am wäitste Sënn an all sengen Aspekter an Zesummenhäng befaasst. D'Sexologie begräift e sëllegen Disziplinen a Komponenten: Biologie, Anatomie, Genetik, Medezinalfuerschung a Medezin am Allgemengen, Psychologie, Soziologie, Pedagogie, Philosophie (Eethik a Moral) an och d'juristesch Branche.
An der Medezin ass d'Sexologie am Besonnesche fir d'Diagnostik an d'Therapie vu sexuelle Stéierungen, Krankheeten an Deviatioune relevant.
Bekannt Pionéier a Sexologe waren ënner anerem de Carl Westphal, Sigmund Freud, Magnus Hirschfeld, Karl Giese, Alfred Kinsey.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Sexology – Biller, Videoen oder Audiodateien |