Op den Inhalt sprangen

NGC 6027

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Seyfert Sextett)
NGC 6027 Seyfert Sextett
D'Seyfert Sextett, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Serpens (Ser)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 15h 59,2m
Deklinatioun + 20° 45,5'
Ausgesinn
Visuell Magnitude 13,4 mag[1] mag
Wénkelduerchmiesser 1,9'[1]
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) ca. 190 Mio. Liichtjoer
Routverrécklung +0,0145[1]
Radialvitess +4350 km/s[1]
Geschicht
Entdecker

als niwwlegen Objet:
Édouard Jean-Marie Stephan
20. Mäerz 1882
als Galaxiëgrupp:

Carl Keenan Seyfert, 1951
Entdeckungsdatum 20. Mäerz 1882
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 137-010
HCG 79
NGC 6027
UGC 10116
VV 115

Den NGC 6027, als Seyfert Sextett an als HCG 79 katalogiséiert, ass eng kompakt Grupp vu Galaxien, déi am Kapp vum Stärebild Serpens leien. D'Grupp schéngt aus sechs eenzele Galaxien ze bestoen, wat hir och den Numm ginn huet. Beim geneeën Hikucke weist sech, datt s'awer nëmmen aus véier Galaxië besteet. Déi fënneft ass sou wäit ewech vun den aneren, datt si an der Interaktioun vun de Galaxien ënnerenee keng Roll spillt, an déi sechst Galaxie ass a Wierklechkeet e Stärekoup.

190 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech, hale sech déi véier Galaxien duerch déi géigesäiteg wierkend Gravitatiounskraaften op engem Raum vun 100.000 Liichtjoer Duerchmiesser zesummen. Dëst ass ongeféier d'Gréisst vun eiser Mëllechstrooss a mécht si zu enger vun den dichteste bekannt Galaxiëgruppen. Wëssenschaftler huelen un, datt déi Gravitatiounskräften d'Grupp nach en ettlech honnert Millioune Joer zesummenhale wäert an datt d'Grupp sech dann zu enger eenzeger, riseger elliptescher Galaxie zesummeschléisse kéint.

Ufanks gouf d'Galaxiëgrupp den 20. Mäerz 1882 vum franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt a spéider vum Johan Ludvig Emil Dreyer als Nummer 6027 a sengem New General Catalogue of Nebulae and Clusters of Stars agedroen. Eréischt am Joer 1951 entdeckt den amerikaneschen Astronom Carl Keenan Seyfert, datt et sech beim NGC 6027 ëm am Ganze sechs verschidden Objete handelt. 1960 gouf dës Galaxiëgrupp, nach seinem Tode, no him genannt.

Galaxien an NGC 6027 (Seyferts Sextett)

[änneren | Quelltext änneren]
PGCNGC (Seyfert)NGC (RC3)HCGNGCRektasz.DeklinatiounWénkel-
aus-
deenung
(a Bouminutten)
Visuell Magnitude
(a mag)
Rezessiouns-
vitess
Typ
Equinoxe 2000NEDNOAO
565846027b602779c6027B15:59:10.8+20:45:430,4×0,215,3140534413Sa pec
565766027a6027A79a6027A15:59:11.1+20:45:160,5×0,414,9842374197Sa pec
565786027c6027C79d602715:59:11.8+20:44:490,9×0,216,7546204482SB(s?)c pec
5657560276027E79b6027E15:59:12.5+20:45:480,4×0,214,744474095S0 pec
565806027d6027D79e6027D15:59:12.9+20:45:350,2×0,216,471980919813SB(s)bc: pec
565796027e6027B79b16027C15:59:14.5+20:45:570,8×0,416,740954017SB:0?

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 NASA/IPAC Extragalactic Database