Shavkat Mirziyoyev

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Shavkat Mirziyoyev
ShavkatMirziyoyev24.jpg
Gebuer 24. Juli 1957
Nationalitéit Sowjetunioun, Usbekistan
Aktivitéit Politiker
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Shavkat Miromonovich Mirziyoyev (uz-cyrl: Шавкат Миромонович Мирзиёев), gebuer de 24. Juli 1957 am Distrikt Zomin, Provënz Jizzax, dunn Usbekesch SSR an der Sowjetunioun, ass en usbekesche Politiker.

Hie war zënter dem 12. Dezember 2003 Premierminister vun Usbekistan. Nom Doud vum President Islom Karimov gouf de Mirziyoyev den 8. September 2016 zum Staatschef faisant-fonction ernannt. De 5. Dezember 2016 gouf hien duerch Walen a senger Fonktioun konfirméiert.

De Mirziyoyev ass diploméierte Maschinneningenieur, spezialiséiert an der Bewässerungstechnik.