Shelomo Selinger

Vu Wikipedia
Shelomo Selinger
De Shelomo Selinger bei der Plack nieft dem Kaddish Monument am Oktober 2021
Gebuer 31. Mee 1928
Jaworzno
Nationalitéit Frankräich, Israel, Polen
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Sculpteur


De Shelomo Selinger (och nach: Shlomo Selinger), gebuer den 31. Mee 1928 zu Jaworzno a Polen, ass e franko-israeelesche Sculpteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Shelomo Selinger gouf an enger jiddescher Famill an der polnescher Stad Jaworzno-Szczakowa an der Géigend vun Auschwitz gebuer. Hie gouf jiddesch gezillt, war awer a kenger reliéiser Schoul. 1943 goufen hien a säi Papp an de Ghetto Krenau deportéiert. Nom fréien Doud vu sengem Papp blouf de Shelomo eleng.

Wärend dem Holocaust sinn dem Selinger seng Mamm a seng zwou Schwëstere gestuerwen. Hie war noeneen an de Konzentratiounslager Faulbrück, Gröditz, Marktstadt, Fünfteichen, KZ Groß-Rosen, KZ Flossenbürg, Dresden, am KZ-Bausselager Leitmeritz a koum duerno an d'KZ Theresienstadt. Zweemol huet hien op engem Doudesmarsch deelgeholl. Wéi 1945 d'Rout Arméi de Camp vun Theresienstadt befreit huet, huet e Militärdokter de Shelomo fonnt a bei him eng schwaach Ootmung festgestallt. Dëse jiddeschen Offizéier huet de Shelomo an e Feldlazarett bruecht an him domat d'Liewe gerett. Wärend deenen nächste siwe Joer hat de Selinger eng Amnesie a konnt sech un näischt méi erënneren, wat säi Leidenswee ugaangen ass.

Israel[änneren | Quelltext änneren]

1946 ass de Selinger mat Hëllef vun der Jiddescher Brigade vun der brittescher Arméi zu La Ciotat u Bord vun der "Tel Hai" gaangen. Eng Grupp vu jonken Iwwerliewenden aus Däitschland, der Belsch a Frankräich ass vun do aus heemlech mam Schëff a Richtung Palestina gefuer. D'Schëff gouf vun der brittescher Marinn geentert an op Haifa bruecht. De Selinger koum an d'Flüchtlingslager vun Atlit, wou déi Judde festgehale goufen, déi illegal a Palestina awandere wollten. No senger Fräiloossung goung hien an de Kibbuz „Beit-Haarava“. Nodeems dee wärend dem Palestinakrich zerstéiert gi war, huet de Selinger gehollef de Kibbuz Kabri a Galiläa nees opzebauen. Am Joer 1951 huet hien d'Ruth Shapirovsky kenne geléiert, mat där hie sech 1954 bestuet huet. Dat Joer virdrun hat hie mat der Aarbecht als Sculpteur ugefaangen, wat och domat ze dinn hat, datt sech säi Gediechtnes nees erkritt hat.

Paräis[änneren | Quelltext änneren]

1955 krut Selinger de Präis vun der America-Israel Cultural Foundation. Am Joer duerno ass d'Koppel op Paräis gaangen. Vun 1955 bis 1958 huet de Selinger op der Paräisser École nationale supérieure des beaux-arts beim Marcel Gimond Bildhauerei studéiert. Vum Gimond huet de Selinger de klasseschen Design am Toun geléiert. Hien ass awer och mat senger Aarbecht am Stee viru gefuer, mat där hien an Israel ugefaangen hat. Well hien ze vill aarm war fir stenge Bléck ze kafen, huet hie säi Material zu Paräis gesicht. Hien huet am léifsten am Granit geschafft. Am Atelier vum Artist Constantin Brancusi huet hien och de roude Sandsteen aus de Vogesen kenne geléiert. De Selinger war dräi Joer op der École des beaux-arts. No eegener Ausso huet hien awer am meeschten an de Paräisser Muséeën an an den Ateliere vun de Sculpteuren Ossip Zadkine, Jean Arp, Alberto Giacometti a Joseph Constantinovsky (och bekannt als Joseph Constant) geléiert.

1960 goufen am Jewish Museum zu New York siwe Biller vum Shelomo Selinger ausgestallt. Déi offiziell Unerkennung koum 1973, wéi hien den éischte Präis am Concours fir e Monument am fréiere Sammellager Drancy gewonnen hat. 1993 gouf de Selinger vum franséische President François Mitterrand zum Ritter vun der Éierelegioun ernannt, zanter 2006 ass hien Offizéier vun der Éierelegioun.

De Selinger huet déi franséisch an déi israeelesch Nationalitéit.

Verbindung mat Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Selinger huet, am Optrag vum Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, d'Mémorial de la déportation juive geschaaft, dat un d'Affer vun der Shoah erënnert[1], an dat de 17. Juni 2018 op enger Plaz nieft dem Boulevard Roosevelt an der Stad Lëtzebuerg ageweit gouf[2].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mémorial de la déportation juive (Stad Lëtzebuerg).

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marie-Françoise Bonicel, 1998, L'Univers du sculpteur Shelomo Selinger, Édition Ferré, ISBN 978-2905556134
  • Henry Bulawko, Marie-Françoise Bonicel, Ruth Shapirovsky-Selinger, 2005, Shelomo Selinger: Les camps de la mort - Dessins d'un rescapé
  • Bruno Durocher,‎ Shelomo Selinger, 2006, Et l'homme blanc écrivait son histoire...: Témoignage, ISBN 978-2854464030

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shlomo Selinger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jüdischer Künstler mit Entwurf beauftragt - Denkmal soll an Holocaust-Opfer erinnern op wort.lu de 15. Mee 2015, gekuckt den 20. Dezember 2017
  2. "Denkmal für die Opfer der Schoah eingeweiht." wort.lu 17.06.2018, gekuckt den 18. Juni 2018.