Shintō-Schräin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Shinto-Schräin)
De Yasaka Schräin
Opbau vun engem Shinto-Schräin

Ënner dem Bëgreff Schinto-Schräin versteet een en Tempel, deen am Schintoismus als Ausübungsplaz vun der Relioun dinge soll. Déi japanesch Bezeechnung ass Jinja, et existéieren awer nach aner Bezeechnunge fir tëscht deene verschiddenen Zorte vu Schräiner z'ënnerscheeden.

An de Schräiner ginn d'Kamis veréiert, eenzel oder e puer mateneen. Et existéiere vill verschidden Zorte vu Shinto-Schräiner: Wärend a verschiddene beispillsweis Naturgëtter ugebiet ginn, veréieren anerer d'Séile vu Verstuerwenen, déi no der schintoistescher Virstellung zu Kamis gi sinn.

A Japan existéieren tëscht 80.000 an 100.000 Schräiner (no offiziellen Zielunge vun der "Vereenegung vun de Schinto-Schräiner"), et gëtt allerdéngs geschat, datt déi Zuel méi héich läit. Schinto-Schräiner finanzéiere sech gréisstendeels duerch Spende vun de Gemengen, zu deene si geographesch gehéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun de Schinto-Schräiner a Japan geet wäit zeréck. Schonn zu der Herrschaftszäit vum Keeser Jimmu (am 6. Joerhonnert viru Christus) loosse sech déi éischt Schräiner noweisen.

Schräiner gouffen als rituell Plaz bei Fester (jap. Matsuri), déi enk mat wichtege Sippe verbonne waren, benotzt. Vun der Kamakura-Zäit u goufen d'Tempelen och besicht, wa grad keng Matsuri gefeiert gouf. Vu grousser Bedeitung fir d'Entwécklung vun de Schräiner war, datt wéi och bei buddhisteschen Tempelen d'Méiglechkeet bestoung, steierfräi Land (jap. Shoen) als Don ze kréien. Déi sougenannt Shoen-Schräiner hu sech dann a ganz Netzwierker vu Schräiner entwéckelt, déi spéider Haaptschräiner vun der Tokugawa-Zäit sollte ginn.

Wärend der Meiji-Zäit huet sech d'Schräinwiese bedeitend verännert. Zum engen gouf et vun der Regierung als Nationalrelioun propagéiert, zum anere gouf och Drock op d'Tempelen ausgeübt, sech an de moderne System anzefügen. D'Folleg dovu war, datt vun do u Schinto-Geeschtlecher a staatlechen Institutiounen ausgebilt hu misse ginn.