Shoah-Monument zu Miedernach

Vu Wikipedia
Shoah-Monument zu Miedernach
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Ärenzdallgemeng
Plaz Miedernach
Koordinaten 49°48'39,82"N, 6°13'5,09"O
Ageweit 1958
Zu Éiere vun Holocaust

D'Shoah-Monument steet an der Suewelbuerer Strooss zu Miedernach, op där Plaz wou dat fréiert jiddescht Gebietshaus, déi sougenannt Synagog stoung. Et erënnert un déi fréier Miedernacher jiddesch Communautéit, déi ënnert der Naziherrschaft integral ëmbruecht gouf. D'Monument gouf 1958 ageweit an 2021 koumen nach e puer Elementer bäi.

D'Monument[änneren | Quelltext änneren]

An der Suewelbuerer Strooss féieren e puer Träppleken tëscht den Haiser 44 a 44a op eng kleng Plaz, wou d'Monument steet. Et besteet aus enger trapezfërmeger Plack déi un enger Hastengsmauer ugemaach ass. Riets dernieft hänkt eng Plack op där de Gaston Herz d'Nimm an d'Donnéeë vun de siwe Familljememberen opgeschriwwen huet, déi vun den Nazien ëmbruecht goufen.

Op der lénker Säit hänkt eng bronze Plack „Zakhor!“, dem hebräeschen Imperativ fir „Erënner dech”[1] an drënner steet eng bronze Wallis op der Mauer. Et ass eng Reproduktioun vun enger Wallis an déi d'Judden déi deportéiert goufen hir Siwesaache gepaakt hunn. D'Wallis ass e Wierk vum Däitsche Ralf Kotschka.

D'Plack an d'Wallis goufen zesumme mat engem Informatiounspanneau de 24. Oktober 2021 a Presenz vum Chamberpresident Fernand Etgen, dem Buergermeeschter André Kirschten an dem Marc Schoentgen vum Comité Auschwitz ageweit.

Geschicht vun de Judden zu Miedernach[2][änneren | Quelltext änneren]

Fréier „Synagog“ zu Miedernach

Déi éischt jiddesch Familljen hu sech 1845 zu Miedernach néiergelooss, nieft anere Familljen déi zu Chrëschtnech a Waldbëlleg gewunnt hunn. Déi meescht vun hinnen hunn als Véihändler geschafft. Si haten enk Relatioune mat de Judde vun Ettelbréck, enger Stad déi sengerzäit mat der Synagog, der jiddescher Schoul an dem israeelesche Kierfecht de jiddeschen Zentrum vun der Regioun war.

Vun 1875 un hunn all d'Miedernacher Judden déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl an 1882 gouf en Haus an der Suewelbuerer Strooss kaaft, dat als Gebietshaus, der sougenannter Synagog funktionéiert huet.

Mam Ufank vum Zweete Weltkrich goufe vum Nazi-Besatzer déi éischt antisemittesch Moossname getraff: déi jiddesch Kanner duerften net méi an d'Schoul, déi Erwuessen hunn net méi dierfte schaffe goen. De 16. Oktober 1941 goufe mat der 1. Deportatioun 323 Judde vu Lëtzebuerg – dorënner der 18 vu Miedernach – an de Ghetto op Litzmannstadt (Lodz) deportéiert. Se sinn duerno alleguer am Vernichtungslager Chelmno oder am Konzentratiounslager Auschwitz ëm d'Liewe komm. Den 28. Juli 1942 goufen déi lescht 18 Membere vun der Miedernacher jiddescher Communautéit an d'KZ Theresienstadt verschleeft; se goufen alleguer wärend dem Holocaust ëmbruecht.

D'Gebietshaus ass nom Krich ofgerappt ginn an 1958 gouf als Erënnerung op där Plaz d'Shoah-Monument opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shoah-Monument zu Miedernach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Zakhor“ / Das Elend der Welt in einem Koffer: In Medernach ist die Shoah-Gedenkstätte offiziell enthüllt worden. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-05.
  2. Quell: Informatiounspanneau beim Monument