Op den Inhalt sprangen

Sideresch Ëmlafzäit

Vu Wikipedia
Sideresch Period (1 no 2) a Synodesch Period (1 no 3).

D'Sideresch Period ass d'Zäit, déi en Himmelskierper fir eng vollstänneg Ëmdréiung brauch.

Den Numm leet sech vum laténgesche sidus (Geenitiv: sideris) „Stär“ of, well eng vollstänneg Ëmdréiung der Kulminatioun vun engem onendlech wäite Fixstär entsprécht, déi sech ëmmer widderhëlt.

Bezunn op d'Äerd ass e sidereschen Dag méi kuerz wéi ee biergerlechen Dag (mëttlere Sonnendag) an e siderescht Joer méi kuerz wéi e biergerlecht Joer, well d'Äerd der visueller Beweegung vun der Sonn hannendru leeft.

Am Diagramm mécht d'Äerd vu Positioun 1 no 2 eng vollstänneg Ëmdréiung relativ zu engem onendlech wäite Stär (lénkse Feil). Déi selwecht Ausriichtung op d'Sonn (Synodesch Period) erreecht si awer eréischt bei Positioun 3.

Och déi tropesch Period (Stärendag, tropesche Mount, tropescht Joer) sinn eppes méi kuerz, well de Bezugspunkt Fréijoerspunkt net plazgebonnen ass wéi en (onendlech wäite) Fixstär, mä sech ëm 360/25800 = 0,014 Grad pro Joer = 50" verréckelt.

Eng Tabell iwwer déi mëttel Daten, Standardepoch J2000.0, an déi ofgeleet Gréisste vun der Kalennerrechnung:

Sidereschen Dag Sideresche Mount Siderescht Joer
86164,099s27,32166 d365,256366 d
23h 56m 4,099s27d 7h 43m 11,5s365d 6h 9m 9s
Stärendag (1)Tropesche MountTropescht Joer
86164,091 s27,32158 d365,242199 d
23h 56m 4,091s27d 7h 43m 4,7s365d 5h 48m 46s
Sonnendag (2)Synodesche MountSonnejoer (2)
86400s29,53059 d365,242199 d (3)
24h29d 12h 44m 2,9s365d 5h 48m 46s (3)
KalennerdagKalennermountKalennerjoer (6)
86400s (4) 365,2425 d
24h (4)30 d oder 31d (5)365d 5h 49m 12s

(1) D'Bezeechnung Tropeschen Dag ass net gebräichlech.
(2) D'Begrëffer synodeschen Dag a synodescht Joer sinn net gebräichlech.
(3) D'Sonnejoer entsprécht dem tropesche Joer.
(4) De Kalennerdag ass – am Allgemengen – iwwer de Sonnendag definéiert.
(5) De Mount ass – fir 12 Méint an engem Joer ënnerzebréngen – een Dag ze laang: Dofir verréckelen sech d'Moundphasen géintiwwer de Méintsdeeg.
(6) Dat mëttel Joer vum gregorianesche Kalenner.