Sigma-Hydriden
Ausgesinn
| Sigma-Hydriden | |
|---|---|
| Aktivitéitszäitraum | 3.-15. Dezember |
| Aktivitéitsmaximum | 12. Dezember |
| Radiantepositioun vum Maximum | RA: 8h 28m DE: +2° |
| ZHR | 2 |
| Populatiounsindex | 3,0 |
| Geozentresch Vitess | 58 km/s |
D'Sigma-Hydride sinn e Meteorstroum, dee vum 3. bis de 15. Dezember ze gesinn ass. Bis zu sengem Aktivitéitsmaximum den 12. Dezember erreecht en nëmmen eng kleng Aktivitéit vun 2 Meteore pro Stonn.
De Radiant vun de Sigma-Hydriden läit ronn 10 Grad ëstlech vum Stär Procyon. Wéinst dem Radiant, deen no beim Himmelsequator läit, sinn d'Sigma-Hydride weltwäit ze gesinn.