Simmerschmelz

Vu Wikipedia
Simmerschmelz
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Simmerschmelz
de: Simmerschmelz
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Habscht
Buergermeeschter Serge Hoffmann (CSV)
Awunner 12[1]
  Jan. 2018
Koordinaten 49° 41’ 42’’ N
      05° 59’ 14’’ O


D'Simmerschmelz ass e Lieu-dit an der Gemeng Habscht. E läit op enger Héicht vun ongeféier 256 m (NG-L), um CR104 südwestlech vun der Simmerfarm, um rietsen Uwänner vun der Äisch.

Den Numm kënnt vun der fréierer Schmelz där hiren Urspronk op de 5. Oktober 1624 zeréckgeet. Se läit am Äischdall do wou eng kleng Baach, déi vum Olmesbur kënnt an déi fréier d'Schmelzeweiere gefiddert huet, an d'Äisch leeft.

Direkt niewendrun läit de Lieu-dit Simmerfarm, wou ausganks der 1930er Joren eng Ziichterei fir Heelplanze war.

Bis Enn 2017 huet Simmerschmelz zu der Gemeng Simmer gehéiert. Op den 1. Januar 2018 huet déi mat der Gemeng Habscht fusionéiert.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "La commune se présente" op hobscheid.lu.