Simone Asselborn-Bintz
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Simone Asselborn-Bintz | |
---|---|
Gebuer |
24. Januar 1966 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée Hubert-Clément |
Aktivitéit | Politiker, Erzéier |
Partei | LSAP |
Famill | |
Papp | Aly Bintz |
Mamm | Micky Erpelding |
Geschwëster | Jean-Claude Bintz, Brigitte Bintz |
D'Simone Asselborn-Bintz, gebuer de 24. Januar 1966 zu Esch-Uelzecht,[1] ass eng lëtzebuergesch Erzéierin a Politikerin (LSAP).
Si ass zanter 2005 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Suessem an zanter 2011 do Schäffin[2].
2015 gouf si Presidentin vum LSAP-Südbezierk.[3]
De 17. Abrëll 2018 ass si an der Chamber fir de Roger Negri, deen opgehalen huet, als Deputéiert vum Südbezierk 'nogerëtscht'[4]. Bei de Walen 2018 hat si sech nees opgesat, gouf awer net méi erëmgewielt.
D'Simone Bintz ass d'Duechter vum Aly Bintz an der Micky Erpelding.
Referenzen
- ↑ Christelle Brucker: "„En politique, je continue ce que ma mère a commencé“." wort.lu, 15. Juni 2018.
- ↑ Le collège échevinal op sanem.lu.
- ↑ Luc Laboulle: "Geszchlossen und kämpferisch. LSAP-Südbezirk Kandidatenliste mit großer Mehrheit angenommen." Tageblatt, 12. Mäerz 2018.
- ↑ "Um Krautmaart ginn um Dënschdeg zwou nei Deputéiert vereedegt." rtl.lu, 17.04.2018, 07:28:12.