Op den Inhalt sprangen

Simone Lutgen

Vu Wikipedia
Simone Lutgen
Gebuertsnumm Simone Marie Jeanne Lutgen
Gebuer 29. Mee 1906
Metz
Gestuerwen 27. Abrëll 1994
Antwerpen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculptrice
Auszeechnungen Prix Grand-Duc Adolphe

D'Simone Lutgen, gebuer als Simonne Maria Johanna Lutgen den 29. Mee 1906 zu Metz[1], a gestuerwen de 27. Abrëll 1994 zu Antwerpen, war eng Sculptrice, Graphikerin an Dekoratrice.

Hire Papp war vun Noutem, hir Famill huet awer zu Metz, an duerno zu Antwerpe gelieft. Dofir ass si zu Lëtzebuerg relativ onbekannt. Si huet zu Antwerpen eng Ausbildung als Sculptrice op der Académie royale des beaux-arts, an eng praktesch orientéiert Ausbildung a Publictéitskonscht an der Vakschool voor Kunstambachten gemaach.[2][3]

1937 krut si de Prix Grand-Duc Adolphe. 1939 huet si eng groussflächeg Collage am Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung zu New York realiséiert. 1940 huet si de Concours fir d'Gestaltung vum Diplôme du centenaire vum Comité olympique luxembourgeois gewonnen.[4] 1956 huet si eng 23 Meter laang Wanddekoratioun aus Metallfigure fir de Buffet vun der Stater Gare entworf[Quell?]. Déi gouf an den 1990er Joren ewechgeholl[Quell?].

Nieft hire grapheschen Aarbechten huet si och mat de verschiddenste Materialer experimentéiert, nieft Metall och mat Gips, Leem, Steen an Holz.

Ausstellungen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1937: Weltausstellung zu New York [5]
  • 1946: Peintres et sculpteurs luxembourgeois à Lyon[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Acte de naissance 672. Cote : 1E/c313 - Dates : 1906 - Etat-civil : Naissance (10/03/1906-30/05/1906) actes 336 à 672 S. 340 (30.05.1906). Gekuckt den 21.07.2025.
  2. Simone Lutgen; in: Jong-Hémecht, N°3/4 vum März-April 1940, S. 66-67
  3. Letterenhuis. Gekuckt den 21.07.2025.
  4. Kunstwettbewerb des L.O.C.; in: Tageblatt, N°11 vum 13. Januar 1940, S.8
  5. Luxemburg auf der Weltausstellung in New York; in: Luxemburger Wort, N°166 vum 15. Juni 1939, S.3
  6. Peintres et sculpteurs luxembourgeois à Lyon; in: Luxemburger Wort, N°364 vum 30. Dezember 1946, S.2