Sint Servaas Hiefbréck

Vu Wikipedia
Sint Servaas Hiefbréck erofgelooss
D'Bréck bei der Duerchfaart vun engem Schëff

D'Sint Servaas Hiefbréck ass en Deel vun enger Foussgängerbréck zu Maastricht an der hollännescher Provënz Limburg iwwer d'Meuse.

D'Bréck gouf 1962 gebaut, als Ersatz fir eng stolen Dunnebréck déi 1932 opgeriicht gouf. Den Ëmbau war neideg ginn, well op der Meuse méi eng héich Schëffsklass sollt zougelooss ginn an dofir déi al Bréck ze niddreg war.

D'Bréck ass eng Tafelbréck, si ass 57 Meter laang a si schléisst um rietsen Uwänner un de Staddeel Wyck un, a lénks un d'Sint Servaasbréck.

Si ass an deem Sënn ganz wichteg well se fir Foussgänger a Vëlosfuerer déi kierzt Verbindung tëscht der Alstad an Zentrum vu Maastricht, an dem Quartier Wyck ass, an deem d'Gare vu Maastricht läit.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Totallängt: 57 m.
  • Spanwäit: 54,5 m.
  • Breet vun der Duerchfaart fir d'Schëffer: 50 m.
  • Breet vun der Bréck: 12.8 m
  • Hiefhéicht: 2.05 m.
  • Kontergewiichter: 4 Bëtongsbléck

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]