Sir (Baach)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Sir zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sir.
Sir (Syre)
D'Sir am « Manternacher Fiels »
An anere Sproochen fr: Syre
de: Syr
Längt 33,8 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 193 km²
Originn
Originn Quell
Plaz südëstlech vu Siren
Héicht 285 m
Koordinaten 49° 33’ 25.3’’ N
      6° 12’ 54.7’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Musel
Plaz Mäertert
Héicht 134 m
Koordinaten 49° 41’ 54.6’’ N
      06° 28’ 51.6’’ O
Haaptnieweflëss Trudlerbaach, Bireler Baach,
Biwer Baach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Mutfert, Éiter, Mënsbech,
Rued-Sir, Betzder, Wecker,
Mäertert

D'Sir ((fr) Syre) ass eng Baach zu Lëtzebuerg. Se huet hir arteesesch Quell[1] um Flouer Reichemt am Süde vu Siren, op enger Héicht vun 285 m.

D'Sir zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[2].

Natura 2000[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Quell bei Sire fléisst d'Sir iwwer ronn 32 km bis se bei Mäertert an d'Musel leeft. Se leeft ufanks duerch e flaachen, breeden Dall, deen da vu Wecker un ëmmer méi enk gëtt an dann tëscht Manternach a Mäertert eng Schlucht gëtt, de Manternacher Fiels. Op bal senger ganzer Längt ass de Sirdall als europäesch Natura-2000-Zon geschützt: tëscht Mutfert a Rued-Sir als Vulleschutzgebitt wéinst dem Dachskäppchen (Acrocephalus paludicola) an dem Wäisse Stuerk (Ciconia ciconia) an dann, tëscht Manternach a Mäertert als FFH-Gebitt wéinst den Au- a Schluchtbëscher am Gebitt vum Manternacher Fiels[3].

Niewebaachen an Uertschaften op der Sir[änneren | Quelltext änneren]

Eng ronn 250 Meter hannert der Quell leeft déi éischt Niewebaach an d'Sir. Déi huet hir Quell um Südrand vum Bësch Weisselt op 305 m. am Norde vun Haassel a leeft dann duerch eng Griecht den Hirschdellchen an ëm de Kréiebierg éiert se mat der Sir um Fouss vun der Haard zesummeleeft.

E knappse Kilometer duerno, leeft op der Trudlermillen, d'Trudlerbaach vu lénks dran. Do ännert se hir Direktioun déi nërdlech war, no Nordosten.

Se leeft dann duerch oder laanscht d'Uertschafte Mutfert, Éiter, Schraasseg, Schëtter, Mënsbech, Iwwersiren, Menster, Rued-Sir, Ouljen, Betzder, Haastert, Wecker a Manternach, ier se zu Mäertert an d'Musel fléisst.

Op dem Wee dohi lafen nach en ettlech Baachen dran. Zu Conter ass et vu lénks d'Schleederbaach, tëscht Mutfert an Éiter d'Kackeschbaach an zu Schraasseg d'Bireler Baach, allen zwou och vu lénks. Déi éischt riets Niewebaach ass d'Aefelter déi op der Huemeswiss bei Schëtter draleeft. D'Mënsbech déi vum Bloebierg kënnt leeft vu lénks tëscht Mënsbech an Iwwersiren dran.

Soubal wéi se bei Nidderaanwen ënner der Autobunnsbréck vun der Tréierer Autobunn erduerch ass, kritt se vu lénks d'Albaach an d'Bouneschbaach derbäi, an zu Rued-Sir ass et vun der selwechter Säit d'Kuelesbaach. Zu Ouljen kritt se Gesellschaft vun der Roudemerbaach geleescht, och vu lénks, éier eng ronn 800 Meter duerno vu riets d'Kaatzbech  draleeft.
Am Intesak tëscht Ouljen a Betzder kënnt d'Buusbaach vu lénks derbäi a 700 Meter duerno d'Beirenerbaach och vu lénks, grad sou wéi zu Haastert d'Flëpsbaach, zu Wecker d'Biwerbaach a kuerz viru Manternach d'Mirelbaach.

Zu Manternach an der Uertschaft kënnt vu riets d'Faulbich derbäi an op der Stéckemillen vu lénks d'Wuelbertsbaach. Op de leschte 1.500 Meter tëscht der Fausermillen a Mäertert kommen dann nach vu lénks d'Schlammbaach an d'Foolgruet derbäi.

Wäschbuer zu Siren[änneren | Quelltext änneren]

Déi „fréier Quell“ vun der Sir

De fréiere Wäschbuer zu Siren (bei der Klappsbréck) ass déi Plaz, déi fréier als Quell vun der Sir ugesi gouf[4]. E bestoung – ier en 1982 ëmgebaut gouf – aus zwéi Basengen: ee fir ze wäschen an en aneren deen als Véidränk gebraucht gouf. Am Gebai uewenzeg vum Buer gëtt d'Quell gefaasst[1].

Déi gréissten Deel vun deem Quellewaasser gëtt hautdesdaags an den Drénkwaasserreseau vun der Gemeng gespeist, duerch e Kontrakt vun 1964 huet DuPont de Nemours am Noutfall awer d'Recht d'Waasser ze benotzen[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Quell: Informatiounspanneau beim fréiere Wäschbuer zu Siren
  2. www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
  3. Quell: Informatiounspanneau am Flouer Mootzenaker nordëstlech vu Siren
  4. Déi Baach déi hir Quell op Reichemt huet an haut als Sir ugesi gëtt, huet fréier Krombach, Krombech, an och nach Krompecht geheescht