Sir (Uertschaft)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Sir zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sir.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Sir
Vue op Sir vun der Rue des Carrières aus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Surré
de: Syr
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Bauschelt
Buergermeeschter Jeff Gangler
Awunner 270
  1. Februar 2023
Fläch 695,9286 ha
Héicht 362 m
Koordinaten 49° 54’ 08’’ N
      05° 46’ 43’’ O
Uertsschëld

Sir ass eng Uertschaft an der Gemeng Bauschelt am Dall vun der Syrbaach.

Sir läit op der belscher Grenz, déi do vun de d'Meandere vun der Surbich definéiert gëtt. Déi meescht Awunner - 530 - hat d'Duerf an der Mëtt vum 19. Joerhonnert wougéint et der haut 270 sinn (Stand 02.01.2023). An de Jore vun 1843 bis 1920 si ronn 1000 Auswanderer aus der Géigend bekannt.

Vun de Grenzsteng Nr. 177 bis 182, déi 1843 op der Grenz mat der Belsch gesat goufen, stinn der e puer net méi op hirer Plaz. Am Mee 2010 gouf am Flouer Am Sak tëschent Sir an Tënnen d'N° 182 restauréiert. Si markéiert de westlechste Punkt vum Land. D'Maark, 400 kg schwéier an 2,60 m héich, louch ënner enger décker Moosschicht. Och déi al Schmugglerpied sinn interessant fir Geschichtsfrënn.

Sir, wéi och déi ganz Gemeng, ass vun der Landwirtschaft markéiert.

2009 war et landeswäit eng Première, wéi deen neie Waasserbehälter aus Inox installéiert gouf.[1][2][3]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sir (Uertschaft) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Offiziell Säit vun der Gemeng Bauschelt. Gekuckt de(n) 02.02.2023.
  2. Sir — Kierchtuermspromenaden. www.tessyglodt.lu. Gekuckt de(n) 2023-02-02.
  3. Commission consultative du sport, de la culture et du loisir de la commune de Boulaide.