Sireen (Apparat)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem akustesche Warnapparat Sireen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sireen.
Elektronesch Sireen vum Typ « PSE Elektronik EPS 500 » um Daach vun der Grondschoul zu Bouneweg
Tounbeispill fir eng Zivilschutzsireen E57

Eng Sireen ass en Apparat deen en akusteschen Alarm oder eng Warnung vu sech gëtt. An der Reegel handelt et sech ëm en Tuten oder Haulen dat op- an ofschwëllt. Am ëffentleche Raum ginn d'Sireene gebraucht fir d'Pompjeeën z'alarméieren oder d'Zivilbevëlkerung am Fall vun enger Katastroph ze warnen.

Hiren Numm krut d'Sireen am Joer 1819 vum Charles Cagniard de Latour dee säi Moossinstrument fir Téin , als Referenz un d'Sireen aus der griichescher Mythologie sou genannt hat.

Modeller vu Sireenen[änneren | Quelltext änneren]

Mechanesch Sireen[änneren | Quelltext änneren]

Eng mechanesch Sireen (och nach Motorsireen) besteet aus enger Rotor an engem Stator. De Rotor ass eng Trommel déi änlech wéi e Millerad gebaut ass an an engem Gehais, dem Stator, sëtzt.

Duerch d'Dréie vum Rotor (deen z. B. vun engem elektresche Motor ugedriwwe gëtt), gëtt de Loftstroum deen derbäi entsteet, ëmmer nees ofgeschnidden a produzéiert en Toun. D'Tounhéicht hänkt vun der Dréizuel an der Zuel vun de Schauten an der Trommel of. D'Tounhéicht vun enger Sireen an Hertz rechent een, andeems d'Ëmdréiunge pro Sekonn mat der Zuel vun de Schaute multiplizéiert gëtt.

D'elektro-mechanesch Siren „Typ E 57“ vu Siemens déi an Däitschland als „westdäitsch Standardsireen“ bekannt war, war och zu Lëtzebuerg nieft anere Modeller bis 2010 am Gebrauch[1]. Se hat 9 Schauten an huet bei enger Distanz vun 30 m mat 101 dB(A) an enger Tounhéicht vu 420 ±16,5 Hz gehuerelt.

Pneumatesch Sireen[änneren | Quelltext änneren]

Änlech wéi bei der mechanescher Sireen entsteet de Toun beim pneumatesche Modell doduerch, datt de Loftstroum am Rotor zyklesch ënnerbrach gëtt.

Am Géigesaz zu der mechanescher Sireen, bei där de Loftstroum duerch d'Zentrifugalkraaft entsteet, gëtt hei aus engem Drockloftbehälter ënnert dem Sireenenmast Drockloft mat ongeféier 16 bar an de Kapp vun der Sireen geleet. De Rotor besteet aus enger Scheif mat Lächer an de Loftstroum gëtt periodesch duerch déi Ëffnungen an d'Hare vun der Sireen gedréckt.

De Virdeel vum pneumatesche Modell besteet engersäits dodran, datt d'Drockloft direkt zur Verfügung steet an de Behälter an der Folleg mat engem Kompresser direkt nees opgefëllt gëtt. Anerersäits huet eng pneumatesch Sireen eng vill méi grouss Leeschtung. Bei engem Modell mat enger Kapphéicht vun 20 m läit de Schalldrock um Buedem bei enger Distanz vun 20 m vun der Sireen ewech, bei ronn 130 dB.

Elektronesch Sireen[änneren | Quelltext änneren]

Bei der elektronescher Sireen gëtt den Toun mat engem Haut-parleur an engem elektronesche Verstäerker generéiert. Mat enger Steierung kann och d'Op- an Ofschwëlle vun der mechanescher Sireen nogemaach ginn. Den haaptsächleche Virdeel vun der elektronescher Sireen ass, datt se keng beweeglech Deeler huet an se deemno manner schwéier ass. Och den Opwand vum Entretien grad wéi de Stroumverbrauch si méi niddreg. A Kombinatioun mat engem Akku, deen entweeder mat Solarzellen oder iwwert d'Stroumnetz geluede gëtt, ass dëse Modell deels onofhängeg vum Stroumreseau.

Gebrauch vun de Sireenen[änneren | Quelltext änneren]

D'Sireene gi gebraucht fir d'Zivilbevëlkerung am Fall vun enger Katastroph ze warnen. Zu Lëtzebuerg geschitt dat iwwert den nationale Sireenereseau (réseau national des sirènes). Fréier(bis wéini?) goufen d'Sireenen och agesat fir d'Pompjeeën z'alarméieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sireenereseau zu Lëtzebuerg.

Sireene grad wéi Drockloftpäifen oder Tute ginn heiansdo vu grousse Firmen agesat, fir de Schichtwiessel unzekënnegen; an deem Falls schwätzt ee vum „Bier“.

Bei Sprengungen a Wunngéigenden huerelt d'Sireen ier gesprengt gëtt, an de Steekaule gëtt d'Signal meeschtens mam Har geblosen.

A Betriber awer och a privaten Haiser oder a Gefierer gi kleng Sireenen zesumme mat Alarmanlage agebaut fir virun Abréch oder Feier ze warnen.

Ambulanzen an aner Gefierer vun den Hëllefsdéngschter grad ewéi déi vun der Police, der Douane asw. hunn eng Sireen[2] fir am Fall vun engem dréngenden Asaz déi aner Automobilisten drop hinzeweisen, datt se déi Gefierer laanscht loosse mussen.

Vereenzelt haulen d'Sireene fir un e bestëmmten Datum oder Evenement z'erënneren, sou z. B. den 10. September 1974 um 30. Anniversaire vun der Befreiung nom Zweete Weltkrich[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sireen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activités 2001 vun der Protection Civile an deem preconiséiert gëtt datt déi al Modeller tëscht 2001 an 2010 ersat ginn
  2. Am Artikel 39 vum Code de la route als avertisseur sonore spécial bezeechent
  3. T'Siréne gin den 10. September. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 199, S. 3. viewer.eluxemburgensia.lu (03.09.1974). Gekuckt de(n) 03.04.2022.