Sizilien
Sizilien (ital. Sicilia) ass eng Insel am Mëttelmier déi zu Italien gehéiert.
Inhaltsverzeechnes
Geographesch Konstellatioun a Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]
Sizilien huet eng Uewerfläch vu 25.709 km² an zielt 5,1 Mio. Awunner. Nodeem griichech Siidler vu 750 v. Christus der Insel hire Cachet opgedréckt haten, koum Sizilien sukzessiv während begrenzten Zäiten ënner d'Herrschaft vun de Réimer, de Goten, de Byzantiner, den Araber, den Normannen, de Bourbonen an de Spuenier. Eréischt 1860 ass Sizilien duerch de Garibaldi an italienesch Hand komm.
D'Haaptstad vu Sizilien ass Palermo. Aner grouss Stied a Sizilien sinn:
- Catania (313.110 Aw.),
- Messina (252.026 Aw.),
- Syrakus (123.657 Aw.),
- Gela (72.774 Aw.),
- Trapani (68.346 Aw.),
- Caltanissetta (61.438 Aw.),
- Agrigento (54.619 Aw.),
- Ragusa (68.956 Aw.),
- Marsala (50.000 Ew.) an
- Enna (28.983 Aw.).
All dës Stied an doriwwer eraus, och Taormina, si vum Tourismus staark opgesicht.
Un der nërdlecher Spëtz vu Sizilien läit Messina. Dës Spëtz ass vum kontinentalen Italien, méi genee vu Calabrien, duerch eng schmuel Mieresstrooss , d'Strooss vu Messina, getrennt.
Politesch Ënnerglidderung[änneren | Quelltext änneren]
Politesch gesinn, gliddert Sizilien sech an néng Provënzen: Agrigent, Caltanissetta, Caltania, Enna, Messina, Palermo, Ragusa, Syracus an Trapani.
Vulkaner[änneren | Quelltext änneren]
Deen héchste Bierg op Sizilien ass den Ätna mat 3.323 Meter, dee gréissten an aktivste Vulkan an Europa. De Stromboli, deen zweeten aktive Vulkan, steet op der Insel mam selwechten Numm nërdlech vu Messina.
Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]
D'Leit op Sizilien schwätzen eng sizilianiesch Variant vum Italieneschen. Déi grouss Majoritéit si Katholiken. Ongeféier eng Millioun Sizilianer liewen am Ausland.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
|
|
|||||||
|
|
|||||||
| * Autonom Regiounen | |||||||
| Commons: Sizilien – Biller, Videoen oder Audiodateien |