Skelettmuskel
E Skelettmuskel ass e Muskel, dee virun allem fir déi willkürlech, aktiv Kierperbeweegungen zoustänneg ass, zum Beispill d'Beweegunge vun den Äerm an de Been. Skelettmuskele gehéiere wéi d'Häerzmuskulatur zur queeschgesträifter Muskulatur.[1] Et fënnt een deen Typ Muskelen och an der Zong, dem Gesiicht, an de Muskele vum Keelkapp an an der Muskulatur vum Munnefell, obwuel hir Aufgab do net d'Beweegung vum Skelett ass. Den Häerzmuskel ënnerläit, am Géigesaz zu den anere queeschgesträifte Muskelen, net der willkürlecher Steierung.[2]
Graff gesi loosse sech d'Skelettmuskelen anatomesch an de Muskelkapp (caput musculi op Latäin) an de Muskelbauch (venter musculi) ënnerdeelen. Si hunn entweder een, zwee, dräi oder véier Muskelkäpp.[2]
Déi aner Zorte Muskelen am Kierper vum Mënsch an den Déiere sinn déi glat Muskelen (un de Wänn vun de bannenzegen Organer, de Bluttgefäässer an dem Verdauungstrakt) an d'Häerzmuskelen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ DocCheck Flexikon: Quergestreifte Muskulatur
- ↑ 2,0 2,1 DocCheck Flexikon: Skelettmuskulatur