Sklaverei

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Bild Le marché aux esclaves (1886) vum Gustave Boulanger

An der Sklaverei gëtt de Sklav als engem anere Mënsch säin Eegentum ugesinn, wéi eng Saach. De Sklav muss all den Uerdere vu sengem Meeschter follegen, an dat vu senger Gebuert oder vun deem Dag un, wou e gefaangen oder kaaft gouf, bis zu sengem Doud oder bis e verkaaft gëtt oder fräigelooss gëtt. De Sklav kann als Besëtz vun engem anere (fräie) Mënsch kaaft, verkaaft, verschenkt, verierft oder verlount ginn.

Sklaverei konnt ierflech sinn, dat heescht: d'Nokomme vun de Sklave waren automatesch och onfräi.

Ënner Sklaverei versteet een ee "Statut" ënner deem een onfräi ass a stänneg dat maache muss, wat de Besëtzer verlaangt.

Sklaverei war fréier, z. B. an der antiker Welt (am alen Egypten, an de griichesche Stadstaaten, an der réimescher Welt...), an der arabescher Welt oder an den europäesche Kolonien tëscht ~1500 an ~1850, ee wichtege Wirtschaftsfaktor. Haut ass d'Sklaverei zwar iwwerall op der Welt offiziell verbueden, mä an der Praxis gëtt et se nach an enger Rei vun afrikaneschen oder asiatesche Länner.

Literatur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Murray Gordon, L'esclavage dans le monde arabe, VIIe-XXe siècle; Paräis (Robert Laffont), 1987; 276 S. (Kaarten).
  • Klaus Weber, Deutschland, der atlantische Sklavenhandel und die Plantagenwirtschaft der Neuen Welt; in Journal of Modern European History, 7 (2009), Heft 1, Ss. 37-67.
  • Pierre Branda & Thierry Lentz, Napoléon, l'esclavage et les colonies; Paräis (Fayard), 2006.
  • Nelly Schmidt, Victor Schoelcher et l'abolition de l'esclavage; Paräis (Fayard), 1994.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sklaverei – Biller, Videoen oder Audiodateien