Slowenesch
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
| Slowenesch (Slovenščina) | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an: | Slowenien, Italien, Éisträich, Ungarn, Kroatien an anere Länner |
| Regioun: | Zentaleuropa |
| Gëtt geschwat vun: | zirka 2,5 Mio. |
| Klassement: | |
| Klassifikatioun no Famill: | Indo-Europäesch |
| Offizielle Status | |
| Offiziell Sprooch vun: | Slowenien |
| Reglementéiert vun: | Slowenesch Akademie vun de Wëssenschaften |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-1 | sl |
| ISO 639-2 | slv |
| ISO 639-3 | slv |
| SIL | SLV |
Slowenesch (Slovenski jezik, Slovenščina) ass déi offiziell Sprooch vu Slowenien an eng vun de 24 offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun. D'Slowenesch ass och eng offiziell Minoritéitssprooch an Italien, Éisträich an Ungarn. Si gehéiert zu de südslawesche Sproochen a gëtt weltwäit vun zirka 2,5 Millioune Leit als Mammesprooch geschwat. Déi Sprooch huet ganz vill Dialekter (méi wéi 40), ënner anerem d'Prekmuresch (an Ungarn a Slowenien) an d'Resianesch (an Italien).
Slowenescht Alphabet[änneren | Quelltext änneren]
D'Slowenesch gëtt mat enger modifizéierter Versioun vum Laténgeschen Alphabet geschriwwen:
A, B, C, Č, D, E, F, G, H, I, J, K, L, M, N, O, P, R, S, Š, T, U, V, Z, Ž
Textbeispill[änneren | Quelltext änneren]
Eise Papp op Slowenesch:
- Oče naš, ki si v nebesih,
- posvečeno bodi tvoje ime,
- pridi k nam tvoje kraljestvo,
- zgodi se tvoja volja
- kakor v nebesih tako na zemlji.
- Daj nam danes naš vsakdanji kruh
- in odpusti nam naše dolge,
- kakor tudi mi odpuščamo svojim dolžnikom,
- in ne vpelji nas v skušnjavo,
- temveč reši nas hudega.
- Amen.