Slowenien

Vu Wikipedia


Republika Slovenija

Sloweenesche Fändel

Sloweenesche Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Sloweenesch
Haaptstad: Ljubljana
 • Koordinaten: 46° 03’ 05.11’’ N
      14° 30’ 21,54’’ O
Staatsform: Republik
 • Presidentin: Nataša Pirc Musar
 • Premierminister: Robert Golob
Fläch: 20 273 km²
Bevëlkerung: 2 013 597[1]
 • Bevëlkerungsdicht: 99,32/km²
Onofhängegkeet: 25. Juni 1991
(Onofhängegkeetserklärung)
Nationalfeierdag: 25. Juni
Nationalhymn: Zdravljica
Lauschteren
Wärung: Euro
Internet TLD: .si
Internationalen
Telefonsprefix
:
+386

Slowenien (Sloweenesch: Slovenija) ass eng Republik an Europa, déi un Italien, Éisträich, Ungarn, Kroatien an d'Adria grenzt. De Süde vu Slowenien gëtt dem Balkan respektiv der Balkanhallefinsel zougerechent.

Slowenien huet sech de 25. Juni 1991 vu Jugoslawien onofhängeg gemaach. D'Land gouf den 1. Mee 2004 mat néng anere Länner Member vun der Europäescher Unioun. Den 1. Januar 2007 gouf och den Euro, deen de sloweeneschen Tolar ofgeléist huet, mat Succès agefouert.

Haaptstad vu Slowenien ass mat ronn 260.000 Awunner Ljubljana. Si läit zentral an ass doduerch Dréischeif vum Verkéier.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Triglav an de Juleschen Alpen

Trotz senge klengen Dimensiounen (24 % vun Éisträich) sinn a Slowenien d'Landschafte ganz verschidden. Am Nordweste läit d'Biergkette vun de Juleschen Alpen, Karawanken a Steiner Alpen, déi geologesch zu de südleche Kalkalpe gehéieren. Am Nationalpark Triglav läit déi héchst Spëtzt vum Triglav (2.864 m), héchste Punkt vum Land, no deem de sloweenesche Nationalpark genannt ass, deen och am sloweeneschen Nationalwope säin Ausdrock fënnt.

Vun de véier wichtegste Flëss hunn der zwéin hir Quell an de Juleschen Alpen – d'Soča (ital. Isonzo) an d'Save (slow. Sava). Déi zwéi gréisst Flëss kommen awer aus Éisträich, nämlech d'Drau (slow. Drava) an d'Mur (slow. Mura). Wärend d'Soča an hirem ënneschte Laf italieenesche Buedem bewässert, an an d'Adria leeft, fléissen d'Save, d'Drau an hiren Niewefloss, d'Mur, no Osten an d'Donau (D'Mëndung ass a Kroatien respektiv Serbien).
Iwwer d'Hallschent vun der Landesfläch besteet aus Bëscher.

Am Nordoste vum Land dominéiere mëttelhéich Bierger an hiwweleg Landschaften, déi nordëstlech vun der Mur an d'Flaachland an an d'Hiwwele vum Iwwermur-Gebitt (sloween. Prekmurje) iwwergeet, wärend an der Mëndungsgéigend Drau-Mur déi 50x20 km² grouss "Murinsel" Medimurje scho gréisstendeels op kroateschem Staatsgebitt läit. An der Mëtt an am Süde vum Land, en Deel vun der Hallefinsel Istrien, fënnt ee grouss typesch Karstflächen. Am äusserste Südweste vum Land läit déi 47 km laang Küst laanscht d'Adriatescht Mier. Dat ass den déifste Punkt vum Land. Zanter datt Slowenien sech vum fréiere Jugoslawien getrennt huet, huet Slowenien en eegene Mierkorridor, iwwer deen et elo mat Kroatien abezunn iwwer de Schëffsverkéier verhandelt.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

De Südweste vum Land ass e mediterrane Klima mat waarme Summeren a mëlle, fiichte Wanteren. Bannen am Land huet d'Klima e kontinentale Charakter.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

  • Ethnesch Struktur: 83,06 % Sloweenen, 1,98 % Serben, 1,81 % Kroaten, 1,1 % Bosnier, kleng autochthon Minoritéite vun Italieener an Istrien (0,11 %), Ungarn an der ëstlecher Regioun Prekmurje (0,32 %), souwéi Aléisträicher (0,03 %, dt. Mammesprooch: 0,1 %, dorënner eng kleng Grupp vu Gottscheer déi iwwereg bliwwe sinn). Bei 8,90 % vun der Bevëlkerung ass et net méiglech se ethnesch ze klasséieren, well keng Donnéeë virleien.

Gréisser Stied[änneren | Quelltext änneren]

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger Vollekszielung vun 2002 bekenne sech 57,8 % vun de Sloweenen zur Réimesch-Katholescher Kierch, 2,5 % si Moslemen, 2,3 % orthodox, 0,9 % Protestanten.(Als "Gleeweg, ouni Konfessioun" bezeechne sech 3,5 % vun de Sloweenen, als Atheisten 10,1 %. Bei 22,8 % vun de Sloweene feelt d'Ausso).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt allgemeng ugeholl, datt sech déi slawesch Virfahre vun de Sloweenen am 6. Joerhonnert an d'Gebitt vum haitege Slowenien komm sinn a sech do niddergelooss hunn. Am 7. Joerhonnert ass dat slawescht Fürstentum Karantanien (Karantanija) am haitege Kärnten entstanen, den éischte Staat, slawescher Herkunft dee villes mat de sloweenesche Virfahre gemeinsam hat. Och wann et weeder eng territorial nach eng politesch Verbindung mat de Sloweenen gouf, gëtt dëst Fürstentum allgemeng a Slovenien als éischte Sloweenestaat gesinn. Am Verlaf vun den zwee follgende Joerhonnerte koum Karantanie fir d'éischt ënner bayeresch, an du fränkesch Herrschaft. An der Mëtt vum 10. Joerhonnert war no der Victoire vum Kinnek a spéidere Keeser Otto I. an der Schluecht um Lechfeld (bei Augsburg) de Wee fir d'Kolonisatioun am Oste vum Hellege Réimesche Räich fräi. An der Mëtt vum 13. Joerhonnert goufe grouss Géigende vu Slowenien habsburgesch, mat Ausnam vun der Grofschaft vun der Sanegg zu Cilli (Celje). Duerno stoung Slowenien bis zum Enn vum Éischte Weltkrich - mat enger kurzer Ënnerbriechung wärend den Napoleonesche Kricher - ënner habsburgescher Herrschaft.

Am 19. Joerhonnert huet d'Nationalbewusstsein ëmmer méi zougeholl an dat huet 1918 zur Proklamatioun vum Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Sloweene gefouert; Italien huet duerop hin d'sloweenesch Küsteregioun, déi d'Kinnekräich dunn 1920 am Grenzvertrag vu Rapallo offiziell kritt hat, missen ofginn. Dat huet zu Ausenanersetzunge mat Italie gefouert. Okkupéiert vun de slaweschen Truppen gouf déi deemoleg Untersteiermark mat der Haaptstad Marburg ouni Referendum u Jugoslawien ugeschloss. 1929 ass d'Land dunn no engem Staatsstreech an d'Kinnekräich Jugoslawien ëmbenannt gi. Doduerch hunn d'Serben am Kinnekräich ëmmer méi dominéiert. Ausserdeem hunn d'Sloweenen de Verloscht vun hirer Küsteregioun staark bedauert. Well sech de Kinnek den Achsemuechte rapprochéiert huet, koum et zu Opstänn, an de Kinnek gouf ofgesat. Doropshin hunn d'Achsemuechte reagéiert; si sinn 1941 kurzerhand a ganz Jugoslawien ageréckt an hu Slowenien ënner Italien, Ungarn an Däitschland opgedeelt. Dat hat zur Folleg, datt onmëttelbar duerno eng vu Kommunisten dominéiert Fräiheetsfront (Osvobodilna Fronta) gegrënnt gouf. Eng Rei vu Partisaneverbänn hu sech forméiert. Nom Zweete Weltkrich gouf souzesoen déi ganz däitschsproocheg Minoritéit aus Revanche verdriwwen. Massakere sinn och net ausbliwwen.

Nom zweete Weltkrich ass den 29. November 1945 d'Demokratesch Federativ Volleksrepublik Jugoslawien, déi sech 1963 a Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien (SFRJ) ëmgedeeft huet, gegrënnt ginn. Déi staark Onzefriddenheet mat der Belgrader Regierung ass an den 1980er Joren ëmmer méi gewuess an et koum de 25. Juni 1991 zu enger Onofhängegkeetserklärung vu Slowenien. Jugoslawesch Truppe sinn amarschéiert an d'Sloweenen hu sech mat Erfolleg géint si gewiert. D'Ausscheedung aus der Jugoslawescher Republik ass zimmlech ouni gréisser Problemer erfollegt an den 23. Dezember 1991 huet sech Slowenien eng demokratesch Verfassung nom europäesche Virbild ginn. Slowenien gouf kuerzerhand vun allen europäesche Länner unerkannt, Bäitrëttsverhandlunge mat der EU opgeholl, wat den 1. Mee 2004 zu sengem Bäitrëtt gefouert huet. Vum 8. Oktober 1991 bis den 31. Dezember 2006 war déi offiziell Wärung den Tolar. Den 1. Januar 2007 gouf et Member vun der Eurozon.

Tartini-Plaz zu Piran

Politesch Situatioun[änneren | Quelltext änneren]

Ieweschte Chef vun der Republik Slowenien ass de President, deen awer haaptsächlech nëmmen eng representativ Funktion ausübt an all fënnef Joer direkt vum Vollek gewielt gëtt. Hien ass en Deel vum exekutive Pouvoir, deen hien zesumme mam Ministerpresident a mat der Ënnerstëtzung vum Ministerrot ausübt. Dës béid gi vun der Nationalversammlung gewielt.

Dat sloweenescht Parlament besteet aus zwou Chamberen: Der Nationalversammlung (Državni zbor) a dem Nationalrot (Državni svet). D'Nationalversammlung setzt sech aus 90 Deputéierten zesummen, déi zum Deel duerch eng direkt Wal respektiv op Basis vun engem Proporzsystem bestëmmt ginn. Déi autonom Minoritéite vun Italieener an Ungarn profitéiere vun engem garantéierte Volleksgruppemandat. A Froen, déi sech exklusiv op d'Rechter vun der Minoritéit bezéien, hunn dës Volleksgruppendeputéiert en absolut Vetorecht.

An den Nationalrot gi 40 Deputéierten aus sozialen, wirtschaftlechen a regionalen Interessesgruppe geschéckt. D'Parlamentswale ginn all véier Joer ofgehalen.

Am Kader vun der NATO-Osterweiderung gouf Slowenien den 29. Mäerz 2004 Member vun der NATO. Zanter dem 1. Mee 2004 ass et an der Europäeschen Unioun.

Verwaltungsglidderung[änneren | Quelltext änneren]

Slowenien ass an 210 Gemengen (sloweenesch občine, Sg. občina), dorënner eelef Stadgemengen, opgedeelt. Iwwer d'Schafe vu Regioune gëtt nogeduecht.

Bezéiungen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Slowenien ënnerhält gutt Bezéiungen zu Lëtzebuerg. Am Zweete Weltkrich gouf nämlech déi lëtzebuergesch Fräiwellegekompanie vun den Däitschen no Slowenien versat, fir do géint d'Partisanen agesat kënne ze ginn. D'Lëtzebuerger hunn du gemeutert a goufen du vun den Däitschen an de Prisong oder an d'Kazett gestach. D'Sloweenen, déi zu hinnen Zougank haten hu si heemlech versuergt. D'Sloweenen hunn hinnen héich ugerechent, datt si sech geweigert hunn, fir op d'Partisanen ze schéissen. Zanter deemools sti lëtzebuergesch a sloweenesch betraffe Familljen nach ëmmer an enker Bezéiung.

An der Weltbank an am Internationale Wärungsfong si Lëtzebuer a Slwenien des Weideren an der selwechter Grupp a ginn an hire Verwaltungsréit duerch een an de selwechten Exekutivdirekter vertrueden. Dat trëfft och fir d'BERD zou.

Wirtschaft a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

De Mierhafe vu Koper

Vu sämtleche Länner aus Osteuropa, déi der Europäescher Communautéit nei bäigetratt sinn, ass Slowenien de Musterschüler, dat Land, wou d'Privatisatioun am beschten iwwer d'Bün gaangen ass a wou d'Ekonomie sech eenegermoossen, ouni allzegrouss Schwieregkeeten, un de westleche Standard ugepasst huet. Slowenien huet eng gemëscht Wirtschaft, déi op der enger Säit op déi lokal Traditioune vum Handwierk an der Landwirtschaft opgebaut ass, an zum aneren den Usprëch vu modernen Dengschtleeschtungen gerecht gëtt. Slowenien ass mat knapps zwou Milliounen Awunner zwar e klengt Land, ass awer wirtschaftlech ganz gesond.

Pro-Kapp läit d'Akommes vun de Sloweenen am europäesche Mëttelfeld. Zanter dem 1. Januar 2007 ass den Euro déi offiziell Wärung vu Slowenien.

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

Slowenien ass bekannt fir säi Wäibau. Virun allem de Wäin aus der Ënnersteiermark gëtt gréisstendeels no Däitschland an Éisträich exportiert.

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

An der Industrie si ronn 40 % vun der aktiver Bevëlkerung beschäftegt. D'Liewensmëttelindustrie huet mat iwwer 10 % de gréissten Undeel un der gesamter Industrieproduktioun. Nieft hir sinn d'Elektro- an d'Elektronikindustrie (zirka 10 %), d'Metallveraarbechtung an de Maschinnebau (10 %) wéi och déi cheemesch a pharmazeutesch Industrie (9 %) vu gréisserer Bedeitung. Eng nei Industriebranche, déi ëmmer méi Bedeitung kritt ass d'Automobilindustrie (an d'Automobilzouliwwerungsbranche am wäitste Sënn) ë. a. wéinst den neie Renault-Wierker.

Déngschtleeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter senger Onofhänegkeet am Joer 1991 huet Slowenien säin Déngschtleeschtungssecteur staark ausgebaut; e begräift mëttlerweil 53 % vun den Aarbechtsplazen am Land. Slowenien huet ee fir Mëtteleuropa gutt ausgebaute Verkéierssystem. Nieft de kulturellen a wirtschaftlechen Zentren zu Ljubljana, Haaptstad mat eegenem internationale Fluchhafen) a Maribor besti virun allem an de Juleschen Alpen an un der Küst vum Adriatesche Mier gutt ausgebaut Strukture fir d'Entwécklung vum Tourismus.

Iwwer de Mierhafe vu Koper huet Slowenien Schëffsverbindunge mat der ganzer Welt an ass en Duerchganksland fir Wueren no Mëtteleuropa.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hösler, Joachim: Slowenien. Von den Anfängen bis zur Gegenwart. Regensburg: Friedrich Pustet, 2006. ISBN 3-7917-2004-X
  • Rehder, Petra: Slowenien. München, 1999. ISBN 978-3-406-39879-7
  • Sowards, Steven W.: Moderne Geschichte des Balkans. Der Balkan im Zeitalter des Nationalismus. Seuzach, Schweiz: G. Liebetrau, 2004. ISBN 3-8334-0977-0 (BoD)
  • MERIAN: Slowenien, Jahreszeiten Verlag GmbH, Hamburg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Slowenien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Stand: 31. Mäerz 2007. Quell: stat.si