Snowy Mountains

Vu Wikipedia
Loftopnam vun de Snowy Mountains
Talbingo Dam

D'Snowy Mountains sinn déi héchst Bierger vum australesche Kontinent. An de Snowy Mountains läit den héchsten australesche Bierg, de Mount Kosciuszko mat enger Héicht vun 2.228 Meter AHD am Kosciuszko National Park.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

D'Snowy Moutains leien am Südoste vun Australien an de Bundesstaate Victoria an New South Wales, südwestlech vu Canberra. D'Snowy Mountains sinn en Deel vun den australeschen Alpen déi an der Great Dividing Range leien. Dat ass eng Biergkett laanscht d'Küst, déi sech vum Norde vu Queensland op der Ostküst erof bis no Victoria zitt. Déi héchst Plaze gi bis iwwer d'Bëschgrenz ewech. Vill Séie sinn Zeie vu mächtege Gletscheren, die wärend der Äiszäit op de Bierger waren.

An de Snowy Mountains entsprangen d'Flëss Snowy River, Murrumbidgee a Murray. Un den Ufere liewen d'Aborigine zanter méi wéi 20.000 Joer.

D'Erfuerschung vun de Snowy Mountains huet 1835 ugefaangen. Bekannt goufen d'Snowies duerch een Dammprojet, de Snowy-Mountains-System. Et handelt sech dobäi ëm e Staudammprojet vum Snowy River, dee souwuel Drénkwaasser wei och Elektresch fir Canberra garantéiere sollt. 1949 gouf mat mat dem Projet ugefaangen. Dofir goufen 100.000 Leit agestallt, vun deenen zwéin Drëttel aus 30 anere Länner koumen.

140 Deeg am Joer läit Schnéi op de Biergspëtzen. Haut sinn d'Snowies den Zentrum vum australesche Wantersport. Bekannt Wantersportplaze sinn Thredbo, Falls Creek a Mount Hotham. D'Wantersportsaison dauert vu Juni bis Oktober.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andrew Barton Paterson: "The Man From Snowy River", Neuauflage Indypublish 2003, ISBN 1404357491, (Verfilmung 1982)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]