Op den Inhalt sprangen

Société à responsabilité limitée simplifiée (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

D'Société à responsabilité limitée simplifiée (gekierzt SARL-S) oder Vereinfacht Gesellschaft mat limitéierter Responsabilitéit ass eng Rechtsform zu Lëtzebuerg. Et ass eng Zort Handelsgesellschaft déi den 23. Juli 2016 agefouert gouf[1] an um ugepasste Gesetz vum 10. August 1915[2] baséiert.

Verschidde Reegelen, déi fir déi klassesch SARL zielen, gëllen net fir d'SARL-S.

D'SARL-S ass geduecht fir d'Entrepreneure vun enger Rei vun Oploen ze befreien, déi typescherweis mat der Grënnung vun enger SARL verbonne sinn. Dowéinst beleeft sech d'Minimalkapital just op een Euro, an d'Firma ka mat engem privaten Akt, ouni Nottär, gegrënnt ginn.

D'SARL-S ziilt drop of, neien Entrepreneuren en direkten Zougang zu de Geschäftsaktivitéiten ze bidden.

Eng SARL-S ka just vu physesche Persounen an nëmme fir Geschäftszwecker gegrënnt ginn, déi sech op de Beruff vum Handwierker, vum Industriellen oder vun enger Geschäftspersoun bezéien. Deen, deen d'Gesellschaft grënne wëll, muss eng Autorisation d'établissement vum Wirtschaftsministère hunn.

D'Grënnung vun enger SARL-S ka mat engem privaten, schrëftlechen Akt, ouni Nottär gemaach ginn an d'Statute mussen am Handelsregëster agedroe ginn.

Eng SARL-S kann tëscht engem an 100 Associéen hunn.

Den Numm vun der Gesellschaft gëtt am Grënnungsakt festgehalen; en däerf net identesch mat schonn existente Gesellschafte sinn.

D'SARL-S ka limitéiert oder op onbegrenzt Zäit gegrënnt ginn.

Um Enn vun der Dauer déi an de Statute festgeluecht gouf, gëtt d'Gesellschaft d'office opgeléist. Se kann absënns och opgeléist ginn:

  • wann de Gesellschaftszweck erfëllt gouf oder net béi besteet;
  • wann d'Associéen oder den Eenzel-Associé dat decidéiert;
  • mat engem Geriichtsurteel (z. B. wéinst legitimme Grënn oder wéinst illegalen Aktivitéiten).

Se gëtt net duerch eng Faillite, Insolvenz oder Doud vun engem Associé opgeléist.

D'Gesellschaftskapital vun enger SARL-S kann tëscht engem an 12.000 Euro leien. D'Kapital muss komplett souscrivéiert an abezuelt sinn.

D'Parte vun der SARL-S sinn nominativ; se kënnen net fräi gehandelt ginn.

Verwaltungsorganer

[änneren | Quelltext änneren]

D'SARL-S gëtt vun engem oder e puer Geranten (Associé oder net) assuréiert, déi vun den Associéë fir eng limitéiert oder onbegrenzt Zäit ernannt ginn.

Responsabilitéit

[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënner vun der Gesellschaft sinn a verschiddene Fäll géigeniwwer Drëttpersoune gemeinsam haftbar. D'Associéë si bis zu der Héicht vun hirem Undeel um Kapital vun der Gesellschaft haftbar.

Eng SARL-S mat méi wéi 60 Associéen ënnerläit der obligatorescher Opsiicht vun engem oder méi Commissaires aux comptes.

Eng gesetzlech Kontroll vun der Comptabilitéit vun engem zertifiéierte Réviseur d'entreprise ass obligatoresch fir Firmaen, déi um Enn vun hirem Joresofschloss an no zwee Geschäftsjoren hannereneen d'Grenze vun zwéi vun de follgenden dräi Krittären iwwerschreiden:

  • Bilanszomm vu 4,4 Milliounen Euro;
  • Nettoëmsaz vun 8,8 Milliounen Euro;
  • Duerchschnëttlech Vollzäitaarbechtskräfte vu 50 Mataarbechter.

Comptabilitéit

[änneren | Quelltext änneren]

D'SARL-S muss ë. a. follgendes virleeën: Bilan, Gewënn- a Verloschtrechnung (compte de profits et pertes), Annexen an am Prinzip de Geschäftsrapport (rapport de gestion), déi vun der Generalversammlung vun den Associée musse guttgeheescht sinn.

Eng SARL-S kann e vereinfacht e Bilan presentéieren, wann se d'Grenze vun zwéi vun de follgenden dräi Krittären net iwwerschreit:

  • Bilanszomm vu 4,4 Milliounen Euro;
  • Nettoëmsaz vun 8,8 Milliounen Euro;
  • Duerchschnëttlech Vollzäitaarbechtskräfte vu 50 Mataarbechter.

D'SARL ënnerläit follgende Steieren:

Beispiller aus dem Handelsregëster[3]:

  • Miau SARL-S (B228297)
  • Quiteoften SARL-S (B235879)
  • KorrekturEck SARL-S (258471)
 Commons: Société à responsabilité limitée simplifiée (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Loi du 23 juillet 2016 modifiant, en vue d'instituer la société à responsabilité limitée simplifiée: 1. la loi modifiée du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales (…). data.legilux.public.lu (23.07.2016). Gekuckt den 02.11.2025.
  2. (fr) Version consolidée. Loi modifiée du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales. data.legilux.public.lu (10.08.1915). Gekuckt den 02.11.2025.
  3. gekuckt op lbr.lu