Société anonyme (Lëtzebuerg)
D'Société anonyme (gekierzt SA) oder Aktiegesellschaft ass eng Rechtsform vun den Handelsgesellschaften zu Lëtzebuerg. Se baséiert um ugepasste Gesetz vum 10. August 1915[1].
D'Société anonyme ass, zesumme mat der SARL, déi heefegst Rechtsform zu Lëtzebuerg; op den 31. Dezember 2024 waren der 30.699 am Handelsregëster ageschriwwen[2]. Dës Gesellschaftsform bitt vill Virdeeler, dorënner d'limitéiert Haftung (bis zum Betrag vum investéierte Kapital) an e gereegelten Zougang op d'Kapital.
D'SA gëtt dacks als Gesellschaftsform fir grouss Gesellschafte gewielt, s'ass awer och eng Optioun fir kleng a mëttelgrouss Betriber, well d'Aktien an dëse Gesellschaften au porteur sinn a domat méi einfach iwwerdroe kënne ginn.
Fir d'Aktionäre läit den Haaptvirdeel an der Limitatioun vun hirer Haftung op de Betrag vun hirem investéierte Kapital, an der Méiglechkeet relativ anonym ze handelen.
Grënnung
[änneren | Quelltext änneren]Eng Société anonyme ka vun enger oder méi physeschen oder juristesche Persoune gegrënnt ginn. D'Grënnung vun enger SA muss virun engem Nottär gemaach ginn an d'Statute mussen am Handelsregëster agedroe ginn.
Bezeechnung
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm vun der Gesellschaft gëtt an de Grënnungsstatuten festgehalen; en däerf net identesch mat schonn existente Gesellschafte sinn.
Dauer
[änneren | Quelltext änneren]D'Dauer wéi laang d'Gesellschaft soll bestoe bleiwe muss an de Grënnungsstatuten definéiert sinn; se ka limitéiert oder op onbegrenzt Zäit gegrënnt ginn.
Opléisung
[änneren | Quelltext änneren]Um Enn vun der Dauer déi an de Statute festgeluecht gouf, gëtt d'Gesellschaft d'office opgeléist. Se kann awer och opgeléist ginn:
- vun den Aktionären (z. B. am Fall vum Verloscht vum Aktiekapital);
- mat engem Geriichtsurteel (z. B. wéinst legitimme Grënn oder wéinst illegalen Aktivitéiten).
Kapital
[änneren | Quelltext änneren]Dat minimaalt Kapital fir eng SA beleeft sech op 30.000 Euro.
D'Kapital vun der SA kann duerch Souscriptioune gemaach ginn, woubäi et komplett souscrivéiert an op d'mannst zu engem Véierel vu sengem Wäert abezuelt muss sinn. D'Aktië sinn nominativ bis se vollstänneg abezuelt sinn an duerno sinn s'entweder nominativ, au porteur oder dematerialiséiert.
Verwaltungsorganer
[änneren | Quelltext änneren]Eng Société anonyme huet zwou Méiglechkeete fir seng Gouvernance:
- eng monistesch Gouvernance mat engem Verwaltungsrot (conseil d'administration) deen d'Gesellschaft geréiert;
- eng dualistesch Gouvernance wou e Kommitee (Virstand, directoitre) d'Gesellschaft geréiert an e Conseil de surveillance (de. Aufsichtsrat) dës Gestioun iwwerwaacht.
De Choix vun deem engen oder anere System muss an de Grënnungsstatuten spezifizéiert sinn.
Responsabilitéit
[änneren | Quelltext änneren]D'Aktionäre si bis zum Betrag vun hirem Undeel um Kapital vun der Gesellschaft haftbar.
D'Grënner sinn a verschiddene Fäll gemeinsam a solidaresch géintiwwer Drëttpersounen haftbar.
D'Administrateuren, d'Membere vum Direktiounskommitee an de Generaldirekter (CEO) iwwerhuele keng perséinlech Responsabilitéit fir d'Verflichtunge vun der Gesellschaft. Se sinn der Gesellschaft géintiwwer awer haftbar fir all Feeler an der Gestioun wärend hirer Amtszäit.
Verflichtung
[änneren | Quelltext änneren]Eng gesetzlech Kontroll vun der Comptabilitéit vun engem zertifiéierte Réviseur d'entreprise ass obligatoresch fir Firmaen, déi um Enn vun hirem Joresofschloss an no zwee Geschäftsjoren hannereneen d'Grenze vun zwéi vun de follgenden dräi Krittären iwwerschreiden:
- Bilanszomm vu 4,4 Milliounen Euro;
- Nettoëmsaz vun 8,8 Milliounen Euro;
- Duerchschnëttlech Vollzäitaarbechtskräfte vu 50 Mataarbechter.
D'Statute vun der SA mussen integral am Firmeregëster publizéiert ginn, grad wéi eng Partie aner Dokumenter, absënns de Grënnungsakt, d'Ernennen an d'Ofsetze vun de Gestionnairen, d'Besëtzer vun den Au-porteur-Aktien, d'Situatioun vum Gesellschaftskapital um Enn vun all Joer, asw.
Comptabilitéit
[änneren | Quelltext änneren]D'Aktiegesellschaft muss ë. a. follgendes virleeën: Bilan, Gewënn- a Verloschtrechnung (compte de profits et pertes), Annexen an de Geschäftsrapport (rapport de gestion), déi vun der Aktionärsgeneralversammlung musse guttgeheescht sinn.
Steieren
[änneren | Quelltext änneren]D'Aktiegesellschaft ënnerläit follgende Steieren:
- Droit d'enregistrement
- Grondsteier (impôt foncier)
- Gewerbesteier (impôt commercial)
- Verméigenssteier (impôt sur la fortune)
- Kierperschaftssteier (impôt sur le revenu des collectivités)
- TVA.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]Beispiller vun Aktiegesellschaft aus dem Handelsregëster[3]:
- BGL BNP Paribas (B6481)
- Goodyear Operations (B71219)
- Cargolux Airlines International (B8916)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Société anonyme (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Version consolidée. Loi modifiée du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales. data.legilux.public.lu (10.08.1915). Gekuckt den 02.11.2025.
- ↑ (fr) Nombre total d'entités immatriculées au RCS. www.lbr.lu (31/12/2024). Gekuckt den 01.11.2025.
- ↑ gekuckt op lbr.lu