Société de botanique du grand-duché de Luxembourg

Vu Wikipedia

D'Société de botanique du grand-duché de Luxembourg[1], kuerz Société de botanique, war e lëtzebuergesche Veräin, deen d'Zil hat, d'Flora vu Lëtzebuerg ze studéieren an en Herbier vun dëser Flora zesummenzestellen. D'Gesellschaft gouf 1872 offiziell gegrënnt, 1907 huet se mat der Société des naturalistes luxembourgeois fusionéiert.

D'Société de botanique huet eng wëssenschaftlech Serie erausbruecht ënner dem Titel Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg. Tëscht 1874 an 1905 sinn 16 Bänn erauskomm[2].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De botanesche Veräin ass aus engem Aarbechtsgrupp vun der Société des Sciences naturelles ervirgaangen, dee sech den 1. Mee 1867 als Section spéciale forméiert hat a sech virun allem mat Botanik ofginn huet. Dës Sektioun gouf animéiert vum Veterinär Eugène Fischer, dem Affekot Léon de la Fontaine, dem Normalschoulprofesser Théodore Goerens, dem Garde-général J.-P.-J. Koltz an dem Apdikter Jean Meyer, zu deene spéider nach de Veterinär Charles Siegen gestouss ass.

Well am Laf vun der Zäit Leit derbäikomm sinn, déi net Member vun der Société des Sciences naturelles, déi 1868 d'Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn ass, waren, gouf decidéiert, eng eegestänneg Associatioun ze grënnen. Dat ass den 3. Februar 1870 geschitt. Aus der Section spéciale ass an enger éischter Etapp en autonome Comité de botanique ginn. President war den Eugène Fischer, Conservateur de Jos. Faulbecker a Sekretär de Ch. Siegen.

Den 10. Mee 1871 gouf de Comité erneiert: Jean-Henri-Guillaume Krombach (President), Eugène Fischer a Jean Meyer (Vizepresidenten), Auguste Weber (Tresorier).

De 27. Januar 1872 ass an enger zweeter Etapp aus dem Comité de botanique e reegelrechte Veräi ginn, dee sech Société de botanique du Grand-Duché genannt huet.[3] Statute goufen de 27. Februar 1872 festgehalen.[4]

Am Joer 1907 gouf d'Société de botanique de facto opgeléist, well si mat der Société des naturalistes luxembourgeois fusionéiert huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Koltz, J.-P.-J., 1874. La Société de Botanique du Grand-Duché, son histoire et sa constitution. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 1: 7-11. [1]
  • Massard, Jos. A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 5-214.[2]
  • Massard, J.A., 2000. Les origines de la Section des Sciences de l'Institut grand-ducal. In: Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 1850-2000: Les sciences à l'aube du 21e siècle. Cycle de conférences du 12 octobre au 21 décembre 2000 au Centre Universitaire de Luxembourg. Luxembourg: 10-20. PDF
  • Massard, J.A. & Geimer, G., 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 215-455.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. An de Statute vun 1872 gouf den Numm mat Groussbuchstawe geschriwwen: Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg
  2. Déi 16 Bänn sinn integral um Internet op der Websäit vun der Société des naturalistes luxembourgeois ze fannen.
  3. Cf. Koltz 1874 an der Literatur.
  4. Cf. Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg - Statuts. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 1: 3-4.