Société générale de Belgique

Vu Wikipedia

D'Société générale de Belgique (nl: Generale Maatschappij) war eng belsch Holding an Investmentfirma, déi 1822 vum Wëllem I. vun Holland als Algemeene Nederlandsche Maatschappij ter Begunstiging van de Volksvlijtgegrënnt gouf an déi bis 2003 existéiert huet, wéi hiren dunn nëmme méi eenzegen Aktionär Suez Lyonnaise des Eaux se mat Tractebel su der Suez-Tractebel fusionéiert huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1822 huet den hollännesche Kinnek Wëllem I. d 'Algemeene Nederlandsche Maatschappij ter Begunstiging van de Volksvlijt gegrënnt, där hiert Zil et war, duerch Investitiounen an d'Infrastruktur (Stroossen, Kanäl,...) an an d'Industrie den allgemenge Liewensstandard am Land ze erhéijen. De Bau vum (ni fäerdeg gebauten) Meuse-Musel-Kanal z. B. ass uganks vun hir finanzéiert ginn. No der belscher Revolutioun vun 1830 an der Onofhängegkeet vun der Belsch gouf d'Gesellschaft belsch an huet sech Société générale de Belgique genannt. Tëscht 1831 an 1836 huet se grouss Deeler vun hirem Landbesëtz (28.000 Hektar, d'Hallschent dovu Bëscher) verkaf, fir Suen ze kréien, déi s'an d'Industrialiséierung investéiert huet. Bis 1850 war d'Société générale de Belgique sou eppes wéi déi belsch Nationalbank.

Bis zum Zweete Weltkrich huet d'Société générale a Stroossen, Eisebunn a Kanäl investéiert, ausserdeem an d'Schlësselindustrië vum Land. Si war och eng vun den Haaptfirmen, déi an de belsche Kolonien, absënns am Belsche Kongo, aktiv waren. No dem Krach vun 1929 huet se d'Bankaktivitéite vun deene vum Rescht vum Grupp getrennt, dobäi awer d'Majoritéit vun de Parte gehalen. D'Bank housch Générale de Banque (spéider Fortis, elo BNP Paribas Fortis)

D'Société générale de Belgique, déi vun der belscher Press gär la vieille dame genannt gouf, hat zäitweileg Participatiounen an der FN Herstal (Waffen), der Union Minière du Haut Katanga, déi am Kongo Minièren (an d'Mënsche) exploitéiert huet, Cockerill (Eisenindustrie), d'Compagnie Maritime Belge (CMB), Glaverbel (Glas), d'ACEC (Kabelen an elektresch Maschinnen) oder Brugeoise et Nivelles (Eisebunnsmaterial).

Wéi et mat der Schwéierindustrie biergof gaangen ass, ass et och enk fir d'Société générale ginn. Si huet missen hir Bedeelegungen an der Cockerill, der FN, der CMB, der Glaverbel an der Brugeoise et Nivelles verkafen. Versich, sech an der Spëtzenindustire an der Informatik nei Standbeener opzebauen, hu meeschtens feelgeschloen.

1988 huet de Carlo de Benedetti via d'franséisch Gesellschaft Cerus eng OPA op d'Société Générale lancéiert. D'Direktioun vun der SGB, ënner dem René Lamy an dem Étienne Davignon huet sech dogéint gewiert, an der franséischer Grupp Suez d'Preferenz ginn. Dës huet fir d'éischt d'Majoritéit vun de Parten iwwerholl an dunn 1998 de Rescht dovun opkaf.

Suez Lyonnaise des Eaux huet de Portefeuille vun der Société générale weider reduzéiert an se 2003 mat der Tractebel, enger Holding am Energie- an Ëmweltberäich, fusionéiert.

Participatiounen[änneren | Quelltext änneren]

"Gouverneuren" (Presidenten)[änneren | Quelltext änneren]

D'Direktioun ënner dem Mandat vum Ferdinand Baeyens (1892-1913)[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Fralon & Dethomas, Les milliards de l'orgueil, Gallimard.
  • Alain Minc, La grande illusion, Grasset, 1989 et Livre de Poche, spéc. pp. 186–190.
  • Béatrice Delvaux et Stefaan Michielsen, Le Bal des empires. Les dessous du capitalisme belge, Racine, Bruxelles, 1999.
  • Martine van den Driessche, Poker d'enfer. OPA sur la Générale.
  • René Brion, Jean-Louis Moreau, La Société Générale de Belgique 1822-1997, Fonds Mercator, 1998 ISBN 9-0615-3396-1
  • G. Kurgan-van Hentenryk, Gouverner la Générale de Belgique De Boeck Université, 1996 ISBN 2804123219, 9782804123215.