Op den Inhalt sprangen

Flamma

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Flamma
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 1906
Sëtz Lëtzebuerg
  67, Rue de Hollerich
President Eugène Schmit[1]
Tresorier Georges Feyerstein
RCS F5491

Flamma ass de gebräichlechen Numm vun der Société pour la propagation de l'incinération, Flamma, enger lëtzebuergescher ASBL déi de 26. Januar 1977 an d'Liewe geruff gouf; se geet op d'Société anonyme pour la construction et l'exploitation d'un crématoire dans le Grand-Duché de Luxembourg déi 1906 gegrënnt gouf, zeréck[2].

Den ursprénglechen Numm vum Veräin war Société pour la propagation de l'incinération - Luxemburger Feuerbestattungsverein.

Flamma erlaabt et deene Leit, déi dat wëllen, no hirem Doud an engem Krematorium ageäschert ze ginn. D'Anäscherung, déi zanter 1972 dem Buedembegriefnes gesetzlech gläichgestallt ass, gouf laang Zäit vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ganz schif ugesinn, a Leit, déi sech "verbrenne" gelooss hunn, kruten e reliéist Begriefnes refuséiert, si sinn "zivil" begruewe ginn. D'kathoulesch Kierch huet d'Verbuet vun der Krematioun mam Dekreet vum Saint-Office vum 5. Juli 1963 opgehuewen; zu Lëtzebuerg huet d'Kierch d'Krematioun eréischt zéng Joer méi spéit erlaabt.[2]

Op den 31. Dezember 2006 hat de Veräin 15.278 Memberen. Am Zäitraum tëscht dem 1. November 2005 an 31. Oktober 2006 goufen 317 Memberen duerch de Veräin ageäschert.

Vun der Grënnung bis Enn 2006 sinn duerch Vermëttlung vum Veräin iwwer 11.000 Anäscherunge gemaach ginn.

Deen eenzege Krematorium fir Mënschen zu Lëtzebuerg steet zu Hamm, en ass 1995 opgaangen.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Extrait de publication vum 15/05/2025 op lbr.lu
  2. 1 2 Historique incinération et crémation de défunts, Luxembourg. www.flamma-asbl.lu. Gekuckt den 19.10.2025.