Société astronomique de France

Vu Wikipedia
Société astronomique de France

D'Société astronomique de France oder einfach d'SAF ass eng Associatioun, déi am Joer 1887 vum Camille Flammarion gegrënnt gouf. De Sëtz vun der Societéit ass an der rue Beethoven, 3. zu 75016 – Paräis. D'Societéit ass op fir jiddwereen.

Zanter 1887 gëtt d'SAF eng astronomesch Revue, L'Astronomie eraus. Heidra stinn astronomesch Aarbechten, Entdeckungen a Fuerschunge vum Universum. Zanter 2008 ass si och a grousse Zeitungsverkafstänn ze kréien.

Den aktuelle President ass de Philippe Morel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]